PoliceMotorradschauffer gefall, Bäifuererin liicht verwonnt

RTL Lëtzebuerg
Zwee Virfäll hat d'Police nach vun e Sonndeg nozedroen. Bei engem dovu gouf eng Persoun blesséiert. Och e Méindeg de Moie gouf et ee Blesséierten.
© RTL

E Sonndeg am spéiden Nomëtteg war um CR129 e Motorradsgrupp mat 3 Leit op der Streck Richtung Roudemer ënnerwee, wéi deem éischten an der Rei op eemol op naasser Fuerbunn d'viischt Rad ewechgerëtscht ass, wouropshin hie gefall ass. De Moto, op deem 2 Persoune souzen, ass an eng hëlze Leitplank gerëtscht. De Motocyclist selwer gouf net verwonnt, seng Bäifuererin gouf mat liichte Blessuren an d'Klinick bruecht.

Sonndesowes war dunn enger Policepatrull zu Hollerech en Autoschauffer opgefall, deen duerch Rout gefuer ass. Hie gouf gestoppt. Bei der Kontroll huet sech erausgestallt, dass hien ze vill gedronk hat. De Permis gouf agezunn an de Chauffer protokolléiert.

E Méindeg de Moie géint 8 Auer koum et zu Dikrech zu enger Kollisioun tëscht 2 Autoen. Dobäi gouf eng Persoun verwonnt. Op der Plaz waren d'Ambulanz an d'Pompjeeë vun Dikrech.

Back to Top
CIM LOGO