CGDISMotocyclist gefall, Vëlosfuerer an Automobilist aneneegerannt

RTL Lëtzebuerg
Fir d'Rettungsekippe vum CGDIS gouf et am Laf vun e Mëttwoch nees eng Rei Asätz uechter d'Land.
© Jeannot Ries

Um 18.20 Auer hat e Motocyclist eng Chute um CR126 tëschent dem Waldhaff an dem Sennengerbierg a gouf dobäi blesséiert. D'Rettungsekippen aus der Stad a vun Nidderaanwen waren op der Plaz.

Kuerz virun 20 Auer dann en Accident op der A6 a Richtung Arel, tëschent der Sortie Capellen an der Aire de Capellen: Hei krute sech zwee Autoen ze paken, d'Secouriste vu Mamer a Kielen hu sech awer ëm kee Blesséierte misse këmmeren.

Net esou d'Stater Rettungsekippen: Kuerz virun 22 Auer ass am Millewee zu Gaasperech e Cyclist mat engem Auto aneneegerannt a gouf dobäi verwonnt.

Back to Top
CIM LOGO