Fahrerflucht no hanne lass gaangenMotocyclist flücht virun der Police an accidentéiert uerg

RTL Lëtzebuerg
De Mann, deen Droge bei sech hat an dowéinst d'Kontroll vun der Police evitéiere wollt, koum uerg blesséiert mat der Ambulanz an d'Spidol.
© Police

An der Nuecht vun e Méindeg op en Dënschdeg, géint 1 Auer, gouf d'Police op e Motocyclist an der Route de Thionville an der Stad opmierksam. Wéi d'Beamten op de Motosfuerer duergaange sinn, fir seng Personalien ze kontrolléieren, ass dësen direkt mat sengem Moto fortgefuer an huet dobäi d'Stoppzeeche vun der Police komplett ignoréiert.

Op der Flucht huet de Motocyclist eng ganz Partie un Infraktioune begaangen, dorënner ass hien och de falsche Wee an de Rond-point gefuer.

An engem Sense unique an der "Rue Dernier Sol" ass de Motosfuerer déi falsch Richtung engem Policeauto entgéint gefuer. Wéi dësen dem Won auswäiche wollt, krut de Moto den Trottoire ze paken, woubäi de Chauffeur vum Moto accidentéiert ass.

Bei Accident gouf de Mann uerg blesséiert, war awer nach uspriechbar, d'Beamten hunn éischt Hëllef geleescht, bis d'Ambulanz op der Plaz war.

Beim Mann, dee keng Pabeiere bei sech hat, goufe 4 Kugele mat Drogen (Heroin a Kokain) séchergestallt. Op Uerder vum Parquet, goufen Handy, Boergeld, d'Drogen an de Moto, deen dem Mann mol net gehéiert huet, saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO