Fondatioun Idea"Moral war gutt, ma gewësse Pessimismus mécht sech breet"

RTL Lëtzebuerg
Bis ewell wier d'Moral bei de Lëtzebuerger relativ gutt gewiescht, ma esou lues géif sech e gewësse Pessimismus breet maachen.

D'Fondatioun Idea huet en neien Outil virgestallt, fir der Wirtschaft am Grand-Duché de Bols ze fillen. All Mount wëll déi Lëtzebuerger Denkfabrick elo en Iwwerbléck publizéiere mat deene wichtegsten Indicateure fir d'Performance vun der Wirtschaft.

Dorënner natierlech och déi aktuell Chômagezuelen. An dat net nëmme fir Lëtzebuerg, mä och aus der Groussregioun. Nieft Lëtzebuerg, mat enger Hausse vu ronn 17 Prozent, fält hei aktuell d'Saarland mat zousätzleche 7 Prozent Chômeuren negativ op.

PDF Tableau de Bord (Fondatioun Idea)

Back to Top
CIM LOGO