FuerschungModelléierung - Verlaf vun de Corona-Infektiounen

Fanny Kinsch
Wéi een Impakt hunn déi verschidde Mesurë vun der Regierung op d'Verbreede vum Coronavirus? E Freideg huet e Fuerschungsgrupp éischt Prognose publizéiert.
Modelléierung - Verlaf vun de Corona-Infektiounen
Wéi een Impakt hunn déi verschidde Mesurë vun der Regierung op d'Verbreede vum Coronavirus? E Freideg huet e Fuerschungsgrupp éischt Prognose publizéiert.

Hei gi fënnef verschidden Zenarien analyséiert - e weidere Lockdown bis zum Enn vum Joer, e komplett Ophiewe vum Lockdown vum 4. Mee un an 3 verschidde Zenarie vun der Reouverture vun de Chantieren. Duerch Tester an d'Retracéiere vun Infektioune kéinten deemno iwwer 30% vun Infektiounen an Doudesfäll evitéiert ginn. Zanter enger gudder Woch sinn d'Chantieren nees op an domat dierfen iwwer 60.000 Leit nees schaffe goen. Ouni Tester a Retracéiere vun den Infektioune géif d'Zuel vun Infektioune bis Enn dës Joers op bal 150.000 eropgoen – op dee Mëttelwäert kommen d'Fuerscher. Uganks Juli géifen dann 100 Patienten op der Intensivstatioun leien a bis zum Enn vum Joer knapp 400 Mënschen um Covid-19 stierwen. Dat ass awer net dee warscheinlechsten Zenario – et ginn elo vill méi Leit getest an d'Kontakter ginn nees retracéiert.

Doduerch kann d'Zuel vun neien Infektiounen, Hospitalisatiounen an Doudesfäll ageschränkt ginn – d'Fuerscher hu simuléiert, wéi d'Verbreede vum Virus verleeft, wa 25, respektiv 50 Prozent vun den Infektioune kënne retracéiert ginn.

"Wir hoffen natürlich, dass es eher die 50 Prozent sind, aber das hängt eben auch stark davon ab, wie die Menschen dann darauf reagieren, wenn sie kontaktiert werden, dass sie potentiell positiv sind. Da ist es eben wichtig, dass die Menschen sich dann wirklich auch in Selbstisolation begeben und nicht sagen "ich fühl mich eigentlich ganz gut, und geh weiter raus.", esou den Alexander Skupin, Fuerscher vun der Uni Lëtzebuerg.

D'Fuerscher rechnen iwwregens mat enger zimmlech héijer Donkelziffer – deemno géifen déi offiziell Zuelen nëmmen 20 % vun allen Infektiounen hei am Land ausmaachen.

Eng 40 Fuerscher aus verschiddenen Disziplinne schaffen am Kader vun der Research Luxembourg Taskforce un de Simulatiounen, an enker Zesummenaarbecht mam Krisestaf vun der Regierung. Et wéilt een am léifsten all Woch nei Simulatioune verëffentlechen – dës géifen och ëmmer méi präzis ginn.

"Als wir die ersten Simulationen gemacht haben, hatten wir zum Beispiel noch nicht so eine gut Datenlage, was die Todesfälle angeht. Mittlerweile haben wir leider in Luxemburg mehr Todesfälle, was für die Modellierung allerdings gut ist, weil wir jetzt sozusagen Luxemburg-spezifischere Daten haben, die wir dann in das Modell einfüttern können."

Et wier een am Gaangen, d'Simulatiounen z'adaptéieren, fir kënne Projektiounen iwwert den Impakt vum Erëm-Opmaache vun de Schoulen ze maachen.

Wann e Méindeg einfach alleguer d'Mesurë géifen opgehuewe ginn, rechnen d'Fuerscher iwwerdeems domat, datt bis zum Schluss vum Joer bal 400.000 Leit sech géifen ustiechen a knapp 2.000 Leit stierwe géifen. Am Juli wier dann e Pic vun 200 Leit op der Intensivstatioun. Wann de Lockdown géif weidergoen, géifen der Modelléierung no 190 Leit bis zum Enn vum Joer stierwen.

Dës Aarbecht wier spannend, ma et misst een och seng wëssenschaftlech Erwaardungen e bëssen zréckschrauwen.

"Das geht aber nicht nur uns so, sondern das ist auch, wenn man die Literatur kuckt, gibt es jetzt auch viele Studien, die sich gegenseitig ein bisschen widersprechen, was man unter normalen wissenschaftlichen Umständen eher erst mal aussortieren würde, man würde weitere Tests machen. In der momentanen Situation sind wir eben darauf angewiesen möglichst schnell möglichst aktuelle Daten mit einfließen lassen zu können. Deswegen muss man da ein bisschen eine Balance machen zwischen nach wie vor fundierter wissenschaftlicher Arbeit, aber dann eben auch ein bisschen den Mut zur Lücke zu haben um weiter voranschreiten zu können."

Visualiséierung & Donnéeën:

https://benelsen.com/covid19/unilu.html

https://data.public.lu/fr/search/?q=covid

Back to Top
CIM LOGO