Invité vun der Redaktioun - Mireille Welter (18. August)Esch-Sauer soll och baussent der Touristesaison méi attraktiv ginn

Marc Hoscheid
Ënnert anerem soll d'Buerg nach méi an Evidenz gesat an déi kulturell Offer ausgebaut ginn. Wat de Stauséi ugeet, géing ee sech reell Suerge viru Bëschbränn maachen.
Invité vun der Redaktioun: Mireille Welter (18. August 2026)
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Zanter engem hallwe Joer ass d'Mireille Welter Buergermeeschtesch vun der Gemeng Esch-Sauer. Op deem Posten hat si direkt genuch ze dinn, well de Stauséi gouf dëse Summer vu Visiteuren deels iwwerrannt. Fir d'Zukunft plangt een iwwerdeems, d'Uertschaft Esch-Sauer och baussent der Haapttouristesaison méi attraktiv ze maachen.

Invité vun der Redaktioun: Mireille Welter, Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer

Datt am Summer méi Leit de Wee op de Stauséi fannen, ass net nei, mee duerch d'Hëtztwelle vun dësem Joer wier den Undrang schonn extreem gewiescht an zwar scho vun Abrëll un a bis Juli mat. D'Leit, déi am Eck wunnen, hu sech virop dorunner gestéiert, datt d'Visiteuren dacks egal wou geparkt hunn an deels vill ze séier gerannt sinn. Virun deem Hannergrond hätt een dann och nei Mesuren en place gesat, esou d'Buergermeeschtesch vun Esch-Sauer Mireille Welter.

"Mir hunn dëst Joer zum Beispill och, fir einfach der Situatioun entgéintzekommen, hu mer Securitéitsleit agesat, déi mer dee ganze Mount Juli op eise Plagen en place haten. Dat hëlleft scho ganz vill, well déi ginn Informatiounen, déi weisen dorobber hin, wou den Opfank-Parking ass, mir hu jo zwee Opfank-Parkingen, déi gratis sinn."

Tëscht de Parkingen an de Plagë fueren och Navetten. Elo am August wier et ee gudde Krack méi roueg. Dat géing engersäits dorunner leien, datt een aneren Typ vun Touriste kéim, anerersäits awer och un de Bloalgen. Wat d'Gefor vu Bëschbränn ugeet, géing ee sech do scho seng Suerge maachen. D'Plagë wieren no un de Bëscher an et kéint zum Beispill duerch staarke Wand séier dozou kommen, datt ee Feier op d'Vegetatioun iwwerspréngt.

Mat Bléck op d'Uertschaft Esch-Sauer wier ee sech als Gemeng bewosst, datt et do baussent der Haapttouristesaison extreem roueg ass, well dann och d'Restauratiounsbetriber hir Dieren deels ganz zoumaachen. Deem Phänomen wéilt een awer entgéintwierken.

"Do si verschidden Aarbechtsgruppe gegrënnt ginn, wou mer op verschiddene Sujete geschafft hunn. Ee Sujet ass zum Beispill den Duerfkär an d'Infrastrukturen, een anere Sujet ass eis Buerg natierlech, wat den Highlight vun Esch-Sauer ass. Mir si lo amgaangen, ee Masterplang zesummenzestellen an ze kucken, wéi een deen op déi nächst Joer kann ausféieren."

Och déi kulturell Offer wéilt een nach weider ausbauen, woubäi dëst Joer scho vill ugebuede gi wier, zum Beispill mat de Rencontres artistiques oder dem Plagë-Summer. Datt Esch-Sauer vill Potenzial hätt, géing schonn d'Tatsaach weisen, datt een am GEO Magazin nees eng Kéier ënnert déi 20 schéinsten Dierfer vun Europa gewielt gouf.

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO