Tëschebilan vun de Staatsfinanzen"Mir gesi lo am Mäerz schonn een Defizit vun 278 Milliounen Euro"

Marc Hoscheid
Wärend d'LSAP an déi Gréng ze héich Depensen an ze niddreg Recettë kritiséieren, relativéiert een d'Situatioun bei der CSV.
© Marc Hoscheid

Wéi steet et ëm d’Staatsfinanzen? Ëm déi Fro goung et en Dënschdeg de Moien an enger gemeinsamer Sëtzung vun deenen zwou zoustännege Chamberkommissiounen, wou de Finanzminister Gilles Roth den aktuelle Point gemaach huet. Dono hat een den Androck, datt net jiddereen an där selwechter Sëtzung war.

Et steet nawell guer net sou gutt ëm d’Finanze beim Staat, dat war den Tenor vun Deeler vun der Oppositioun. De Franz Fayot vun der LSAP:

“Mir gesi lo am Mäerz schonn een Defizit vun 278 Milliounen Euro, dat ass op een Trimester, wann een dat weiderzitt, kënnt een op iwwert eng Milliard Euro negative Schéiereneffekt.” Dat géing notamment dorunner leien, datt bei der Betribsbesteierung manner erakomm wier wéi d’lescht Joer. D’Diane Adehm vun der CSV relativéiert déi Ausso allerdéngs:

“Et si verschidde Punkten, wou mer natierlech manner Recetten erakréie wéi dat, wat virgesi war, dat ass awer normal an de Minister huet eis dat de Moien och erkläert. Heiansdo hutt der ganz grouss Steierzueler an datt dat do eng Saach ass, wéini déi hir Steiere bezuelen, och mam Datum wéini déi hier Steiere bezuelen.”

Bei der Oppositioun stéiert ee sech awer net nëmmen dorunner, datt d’Recetten zimmlech niddreg wieren, mee och dorun, datt gläichzäiteg d’Depensen op engem zimmlech héijen Niveau wieren. Genannt ginn do zum Beispill d’Fonction publique an d’Defense. Do ass et vun der Diane Adehm d’Äntwert, datt de Staat esouwuel bei der Defense wéi och bei de Paie vun de Staatsbeamte Verflichtungen hätt, eng Kéier um Niveau vun der NATO an eng Kéier duerch de Gehälteraccord am ëffentlechen Déngscht, déi e respektéiere misst.

Ma och onofhängeg vun deenen zwee Punkte gesäit ee bei der Oppositioun Spuerpotenzial. Sou stellt d’Sam Tanson vun deene Gréngen déi geplangte Steierreform a Fro:

"(...) déi de Budget pro Joer zousätzlech ëm eng Milliard Euro belaaschte wäert. Wou ee sech wierklech muss froen, ob dat lo à ce stade opportun ass, fir dat doten ze maachen, wann ee gesäit, wéi déi aktuell finanziell Situatioun am Moment ass.”

De Finanzminister Gilles Roth hält iwwerdeems un der Reform fest:

“Dat ass fir 2028 virgesinn, ech ginn dovun aus, datt bis dohin och nach déi eng oder aner Indextranche erfall ass, déi da global am Steierbarème regulariséiert gëtt.”

Duerch déi Reform géing och d’Kafkraaft vun de Leit gestäerkt ginn. Déi héich Spritpräisser hunn iwwerdeems nëmmen ee begrenzten Afloss op de Staatsbudget. Dem Gilles Roth no ass et an deenen éischten dräi Méint vum Joer ee Plus vun 8 bis 12 Milliounen Euro bei der TVA.

Back to Top
CIM LOGO