Scho laang hätt den SNE Fuerderunge vis-à-vis vum Educatiounsministère geäussert, déi elo am Aktiounsplang festgehale sinn, notamment dass all Ressource, déi beim Kand ass, an engem Krankheetsfall muss ersat ginn. De Patrick Remakel, Präsident vum SNE:
“Do geet de Minister elo mat op de Wee, dat ass fir d’ESEB-Ekippen, dass déi Leit sollen ersat ginn an dat ass eng richteg gutt Saach. Wat mer och begréissen, ass, dass déi Leit och bei de Kanner kënnen intervenéieren, onbürokratesch effikass ouni den Accord vun den Elteren.”
Stéchwuert: onbürokratesch, well dat geet direkt iwwer an den Haaptkritikpunkt vum SNE. Et geet ëm d’Asetze vun I-EBS an A-EBS, also dat spezialiséiert Léierpersonal an d’Assistente fir den Alldag. Dës Ressourcen hätte bis elo direkt beim Kand kënne verdeelt ginn, elo géif et méi komplizéiert ginn.
“Lo maache mir e Comité local, déi solle sech all Mount zweemol treffen, eng Propos maachen, da soll dat zréck goe bei den Direkter, da geet onméiglech Zäit verluer. En administrative Waasserkapp.”
E wichtege Punkt fir si sinn d’Ressourcen, déi géinge feelen. Einfach méi an neier froe wier keng Optioun, sou de Patrick Remakel:
“Mir mussen eng Analys maache vun de Ressourcen, déi mir hunn. Wie schafft mam Kand, wie schafft net mam Kand? Mir kënnen eis net erlaben, Ressourcen ze verschwenden, déi net mam Kand schaffen.”
Am C1 bräichte si awer ganz kloer méi Ressourcen, fir den SNE ginn do an all Klass een Enseignant an een Educateur gebraucht, deen all Dag fest do ass. Den Ament ass dat net de Fall, wat awer nach net géing duergoen.