Horesca-Secteur"Mir bludden aus mat oppenen Dieren"

Lynn Cruchten
Esou huet e Restaurateur RTL géigeniwwer déi aktuell Situatioun am Horesca-Secteur beschriwwen.
Horesca-Secteur: "Mir bludden aus mat oppenen Dieren"
Esou huet e Restaurateur RTL géigeniwwer déi aktuell Situatioun am Horesca-Secteur beschriwwen.

Wuel wier ee frou, weider schaffen ze dierfen, mee d'Ausgangsspär an déi nei Reglementatioun, déi just nach 4 Clientë pro Dësch erlaabt, wieren e weidere Réckschlag. Wien am Summer iwwer e Service op der Terrass hätt kënnen ubidden, hätt nach e puer Suen erakritt, fir ze iwwerliewen, ma elo mam Hierscht a Wanter an eben der zweeter Infektiounswell hätt sech d’Situatioun nach emol drastesch verschlechtert. Do ware sech d’Restaurateuren a Cafetieren, déi mer an der Stad befrot hunn, eens.

D'Restaurante wiere vill méi eidel an et géif een deels nach just knapp en Drëttel vum Ëmsaz vu soss maachen, wann iwwerhaapt. Et gëtt am Secteur awer begréisst, dass bis elo keen zweete komplette Lockdown koum, mee et wier gutt, soen déi Concernéiert, wann ee wéinstens nees bis Hallefnuecht kéint ophunn an zu 10 Leit um Dësch kéint zesummesëtzen.

Back to Top
CIM LOGO