Äntwert op parlamentaresch FroMinistèrë mussen offiziell Publikatiounen net zu Lëtzebuerg drécke loossen

RTL Lëtzebuerg
Elleng dëst Joer, also bannent den éischten 8 Méint, hate Ministèren a Verwaltunge Commanden an Héicht vun iwwer 1,4 Milliounen un Dréckereie ginn.
© RTL

Ministère sinn net gehalen, hir offiziell Publikatiounen, also Broschüren, Zeitungen an Deplianten hei am Land drécken ze loossen. Dëst wier net méiglech, wëll ee soss géif géint europäescht Recht verstoussen. Dat äntweren d'DP-Ministeren Delles an Hansen op eng parlamentaresch Fro vum Myriam Cechetti.

D'Deputéiert vun déi Lénk wollt gewuer ginn, op et net Sënn mécht, eng Klausel bei der Ausschreiwung vun offiziellen Dréck-Commanden anzeféieren, déi obligéiere géif, datt misst bei Lëtzebuerger Dréckereie produzéiert ginn.

Wéi gesot ass dëst de Ministeren no net compatibel mam Droit Communautaire. Et ass dann och de staatlechen CTIE, dee sech chargéiert, fir am Kader vun Dréck-Commandë vu Ministèren, déi bëllegst Offer ze fannen an den Optrag ze verginn.

Elleng dëst Joer, also bannent den éischten 8 Méint, hate Ministèren a Verwaltunge Commanden an Héicht vun iwwer 1,4 Milliounen un Dréckereie ginn - bal d'Integralitéit dovunner gouf hei am Land gedréckt.

Back to Top
CIM LOGO