Et gouf en Accord fonntDéi fix Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg falen ewech

RTL Lëtzebuerg
Dat gouf um Bord vum Treffe vun den däitschsproochegen Inneministeren annoncéiert, déi en Dënschdeg zu Lëtzebuerg beienee sinn. 

Déi fix Grenzkontrollen tëscht Däitschland a Lëtzebuerg falen ewech, d'Installatiounen op der Autobunn 64 bei Tréier ginn ofgebaut. Den Inneminister Léon Gloden a säin däitschen Homolog Alexander Dobrindt si sech eens ginn. 

Dat gouf um Bord vum Treffe vun den däitschsproochegen Inneministeren annoncéiert, déi e Méindeg an den Dënschdeg zu Lëtzebuerg beienee sinn.

"Wir haben dieses Optimierungspotenzial mit unseren gemeinsamen Polizeikräften auch identifiziert und wollen deswegen den Rastplatz 'Markusberg' nutzen, um diese Kontrollen durchzuführen. Das ist eine angepasstere Kontrollsituation", sou den daitschen Inneminister Alexander Dobrindt virun der Presse.

An der Plaz sollen also méi flexibel Kontrollen op der Héicht vum Parking Markusbierg kommen. Dës sollen änlech oflafen, ewéi d'Kontrollen op der Saar-Autobunn hannert der Schengener Bréck.

Och den Inneminister Léon Gloden begréisst déi Entscheedung: "Dat ass eng ganz gutt Nouvelle fir Lëtzebuerg a besonnesch fir déi Pendler, déi iwwert d'Tréierer Autobunn all Dag hei hinner schaffe kommen, an Owes wëllen erëm schnell bei hir Familljen zréckkommen. Mir hu viru Méint jo déi Flexibiliséierung do op der Schengener Autobunn mat den däitschen Autoritéiten ausgehandelt, ausgeschafft. An dee selwechte System gëtt elo op der Tréierer Autobunn gemaach. Do mussen elo eng Rei Aarbechten, Bauaarbechte gemaach ginn."

D'Kontrollen am däitsch-Lëtzebuerger Grenzgebitt sinn net konform zum Schengen-Kodex. Dat seet en Urteel vum Verwaltungsgeriicht vu Koblenz, wat e Méindeg public gouf.

Den däitschen Inneminister Alexander Dobrindt huet hei zu Lëtzebuerg op dat Urteel reagéiert an ugekënnegt, et géif een an Appell goen. Dee Fall géif a sengen Aen och de Prinzip vun de Kontrolle bannen dem Schengenraum net a Fro stellen – iwwerdeems d'Lëtzebuerger Regierung bei hirer Fuerderung bleift, dat d'Kontrolle bannent dem Schengenraum ofgeschaaft musse ginn.

"Ich kann sagen, dass es uns gelungen ist, die illegale Migration im vergangenen Jahr um zirka 70% zu reduzieren gegenüber den Jahren davor. Das ist ein deutliches Signal, dass die Maßnahmen, die wir ergriffen haben, wirkungsvoll sind", sou d'Argumentatioun vum Alexander Dobrindt, fir deen d'Grenzkontrollen e wichtegt Element vun engem ganzen Ensembel sinn.

Dozou gehéieren och verstäerkte Réckféierungen, den Europäesche Migratiounspak, wou ënner anerem d'Baussegrenze vun der EU besser geschützt solle ginn, wou Lager an drëtt Staaten entstoe sollen – alles, fir d'illegal Migratioun besser an de Grëff ze kréien an de Mënschenhandel ze bekämpfen.

Och de Grand-Duc huet d'Inneministere vun den däitschsproochege Länner am Kader vun hirer Visitt empfaangen.

Back to Top
CIM LOGO