Invité vun der Redaktioun (28. Abrëll 2026)Prof Dr Herbert Brücker - Migratiounsfuerscher

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie war d'Migratioun an Europa Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
© Annick Goerens

Däitschland huet déi grouss Flüchtlingswell vun 2015 gepackt. Op d'mannst aus der Vue vum Aarbechtsmaart.Dat sot den däitschen Migratiounsfuerscher Herbert Brücker am RTL-Interview en Dënschdeg de Moien.

2015 goufen d'Asyl-Prozeduren drastesch gekierzt, Sprooch-Coursen, Formatioun an Aarbechtsvermëttlung méi effikass gemaach.Dowéinst géifen elo 67% vun de Leit, déi 2015 koumen, schaffen. Dat wier méi ewéi erwaart.

Ee Feeler wier awer gewiescht, datt vill Flüchtlingen a Regioune mat manner gudde Strukture bruecht goufen. Do wier Wunne zwar méi bëlleg, den Aarbechtsmaart awer manner grouss.

Och zu Lëtzebuerg géif et der Integratioun vu Flüchtlingen hëllefen, d'Asyl-Prozedueren ze acceleréieren, Sproochecoursen ze stäerken an den Accès op den Aarbechtsmaart ze vereinfachen, sou de Migratiounsprofesser Brücker.

Invité vun der Redaktioun: Prof Dr Herbert Brücker

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO