U Grenz mat LëtzebuergVerwaltungsgeriicht vu Koblenz deklaréiert däitsch Identitéitskontrollen als "illegal"

RTL Lëtzebuerg
Engem däitsche Geriicht no verstoussen d'Kontrollen un der Grenz mam Grand-Duché géint de Schengen-Accord.
Däitsch Poliziste kontrolléiere Gefierer (Symbolfoto).
© Mosel News TV

D'Grenzkontrollen am Grenzgebitt tëscht Däitschland a Lëtzebuerg sinn illegal, esou e Verdikt vum Verwaltungsgeriicht zu Koblenz. Domadder krut e Mann Recht, deen géint den däitsche Staat geklot hat, well hien am Juni zejoert tëscht Schengen an Perl kontrolléiert gouf. De Mann, dee reegelméisseg tëscht Däitschland an dem Grand-Duché pendelt, hat a senger Klo ënner anerem geschriwwen, datt hie scho méi dacks kontrolléiert gouf a wéinst sengem Aarbechtswee domadder muss rechnen, datt dëst nach méi dacks wäert virkommen.

D'Geriicht argumentéiert: D'Kontrolle wieren net konform mam Schengener Grenz-Kodex. Deemno wieren esou Kontrollen nëmmen erlaabt, wann déi ëffentlech Uerdnung oder déi bannenzeg Sécherheet am Land menacéiert ass. Däitschland hätt awer, op d'mannst am Zäitraum vum 16. Mäerz bis de 15. September 2025, dem Geriicht no d'Krittäre vum Schengen-Accord net erfëllt, fir dauerhaft Grenzkontrolle kënnen duerchzeféieren. Zu dëse Krittären zielt ënner anerem , d'Kontrollen ze argumentéieren an d'Nopeschlänner an d'europäesch Partner detailléiert doriwwer ze informéieren.

Den däitsche Staat kann allerdéngs nach géint dëst Urteel an Appell goen.

Back to Top
CIM LOGO