
Aktuell leet Lëtzebuerg just bei de Frontalieren aus Frankräich wärend deenen éischten dräi Méint een Deel bäi, wa se an de Chômage rutschen. Ma an Zukunft soll der entspriechender EU-Direktiv no ëmmer dat Land de Chômage komplett ausbezuelen, an deem de Salarié fir d'lescht geschafft huet, virausgesat, en erfëllt d'Konditiounen, déi an deem Land gëllen. Dee Moment misst Lëtzebuerg also fir de komplette Chômage vun de Frontalieren aus den dräi Nopeschlänner opkommen. Leschte Mëttwoch gouf no Verhandlungen tëscht dem Conseil an dem EU-Parlament ee provisoreschen Accord fonnt. Dat hunn d'Kolleege vum Lëtzebuerger Wort fir d'éischt gemellt. De Lëtzebuerger Aarbechtsminister Marc Spautz geet dann och net dovun aus, datt een déi Entwécklung nach gestoppt kritt:
"Éischtens ass d'Fro vu gestoppt oder verhënnert, et muss ee mol soen, wa mer déi Frontalieren alleguerten net gehat hätten, hätte mer och ni dee PIB, hätte mer ni déi Leeschtunge kënnen erbréngen, déi mer de Moment hunn. Dat do wäert kommen, et ass just d'Fro, wéi kloer de Vott wäert sinn. Et muss keng Unanimitéit bestoen, mee do geet et ëm eng Majorité simple an ech ginn dovun aus, datt esouwuel um Niveau vun der Kommissioun, an de Regierunge wéi och uschléissend am Europaparlament eng Majoritéit wäert do sinn."
Normalerweis am Juli, spéitstens awer am Oktober wäert de Vott am EU-Parlament sinn. Dono wäert dann eng Iwwergankszäit ulafen, déi am Fall vu Lëtzebuerg am Ganze 7 Joer laang dauere wäert. Déi krut Lëtzebuerg zougestanen, well et mat méi wéi 220.000 Frontaliere sou staark vun där neier Reegelung betraff wäert sinn, wéi keen anert Memberland. Wéi vill Lëtzebuerg konkret wäert bezuele mussen, wier quasi net ze soen, well dat vun der Entwécklung vum Chômage ofhänkt. Wann dee stabil bleift, wieren et eng 200 Milliounen Euro, esou de Marc Spautz, deen awer hofft, datt de Chômage nees no ënne geet. Ma egal wéi misst een direkt ufänken, mat den dräi Nopeschlänner bilateral Accorden auszehandelen.
"Fir do den Austausch ze kréien, datt mer ëmmer d'Informatiounen hunn, wat ass lass, net datt do ee probéiert, vum System ze profitéieren, respektiv net, datt op eemol Leit duerch de Sift falen, well se néierens ageschriwwe sinn. Do musse mer eis bilateral mat deenen dräi Länner Krittäre ginn, dofir hu mer dann Zäit, mee dann heescht et, dat direkt virzebereeden. A gläichzäiteg musse mer och eis Administration de l'emploi anescht organiséieren, wa mer an Zukunft déi Dossiere musse mat traitéieren."
Dofir misst d'Personal vun der Adem opgestockt ginn, ma gläichzäiteg géing ee weider un der Digitaliséierung vun de Prozedure schaffen, wat spéider och den Austausch mat den Nopeschlänner méi einfach maachen dierft. Dono gefrot, ob d'Adem de Leit dann an éischter Linn Plazen zu Lëtzebuerg vermëttele sollt, äntwert de Marc Spautz, datt een dat méi grouss denke misst:
"Mir hunn ee Marché d'emploi vun der Groussregioun, Lëtzebuerg profitéiert um Aarbechtsmaart och vun der Groussregioun. Sou datt een dat bilateraalt muss maachen, mee gläichzäiteg musse mer kucken, wat kënne mer zesumme groussregional opbauen, déi Däitsch, déi Belsch, d'Fransousen a mir. Mir hu jo SaarLorLux, Wallonie a Westpfalz, datt mer dat awer och an deem Kader diskutéieren."
Et dierft een och net vergiessen, datt mëttlerweil vill Lëtzebuerger hannert d'Grenz wunne ginn a weider hier Aarbecht zu Lëtzebuerg behalen an deels Leit aus Portugal extra an d'Groussregioun wunne kommen, just fir am Grand-Duché ze schaffen. Dat géing weisen, datt een och beim Logement usetze misst.