CGDISDräi Blesséierter bei Accidenter am Laf vun en Dënschdeg de Moien

RTL Lëtzebuerg
D'Rettungsekippe vum CGDIS hunn am Laf vun en Dënschdeg nees eng Rei Asätz gehat.
© Laurent Weber

Kuerz viru 7 Auer waren op der A13 a Richtung Schengen tëschent Schëffleng a Keel zwee Autoen zesummegestouss, dobäi ass eng Persoun blesséiert ginn. D'Secouriste vu Keel, Rëmeleng a Schëffleng waren op der Plaz.

E weideren Accident mat zwee Autoen, awer ouni Blesséierter gouf et um 8 Auer tëschent Garnech a Käerch. Hei waren d'Stengeforter Rettungsekippen am Asaz.

Eng hallef Stonn méi spéit dann en Accident mat zwee Blesséierten an der Péitenger Strooss zu Nidderkuer. Och hei waren zwee Gefierer net laanschtenee komm, d'CGDIS-Ekipp vu Suessem-Déifferdeng ass op d'Plaz geruff ginn.

Back to Top
CIM LOGO