Referenzwäert fir LoyerenMinister Meisch wëll e Kadaster nach an dëser Legislaturperiod

Pierre Jans
Déi Informatioun krut den Deputéierte vun déi gréng Meris Šehović, nodeems hien ëmmer nees haartnäckeg nogefrot huet.

Nach virum Enn vun dëser Legislaturperiod wëll de Logementsminister Claude Meisch e Kadaster vun de Loyeren hei am Land virleeë kënnen. Déi Informatioun huet den Deputéierte vun déi gréng Meris Šehović dem Minister mat sengem haartnäckegen Nofroen an der Chamber erauslackele kënnen. Op en Neits gouf an der Logementskommissioun iwwer d'Analyse vum Observatoire de l'Habitat zum Thema Loyerspräisser diskutéiert. Dem gréngen Deputéierten no interessant, ma ze akademesch. Hie wollt wëssen, wéini d‘Regierung Neel mat Käpp mécht, fir d‘Locatairen ze protegéieren. Dem Claude Meisch no gëtt et am Prinzip ee kloert Zil.

De Claude Meisch iwwert de Kadaster fir d'Loyeren

"Dat ass de Kadaster. Ech mengen, dee géif eng flott Transparenz bidden. Souwuel fir deen, deen investéiert, a fir de Locataire. Da weess een, wat d‘Situatioun deen Ament a wéi enger Regioun ass. Eng Referenz ass wichteg fir déi Huddel opzeléisen. Mir hunn e Gesetz, dat net méi fonctionéiert, a vun de Geriichter net méi respektéiert gëtt. Mir sinn eis och eens, dass et kee Sënn gëtt, dat Gesetz komplett ze respektéieren."

De Logementsminister huet awer un d'Problemer erënnert, déi d'Kreatioun vun esou engem Kadaster mat sech bréngt. Ginn d'Anciennetéit an den energeeteschen Zoustand vun de Wunnenge berécksiichtegt? Och d‘Fro, wou d'Donnéeën hierkommen, stellt sech nach ëmmer.

Fir eng Iwwergangsléisung wëll de Claude Meisch eng Propos vu sengem DP-Parteikolleeg Patrick Goldschmidt analyséiere loossen. Den Deputéierten hat virgeschloen, aktuell Wäerter aus de verschiddene Gemengen, déi den Observatoire de l‘Habitat schonn huet, pro Wunneng zesumme mam Alter an eventuell der Energieklass zeréckzerechnen, fir e Referenzwäert fir e faire Loyer ze rechnen.

Op alle Fall wëll de Logementsminister evitéieren, dass e Loyersdeckel den Invest an de Steen an domat d‘Constructioun vun neie Wunnenge bremst. Fir den Oppositiounspolitiker Sehovic si finanzielle Rendement a Schutz fir de Locataire kee Widdersproch.

Back to Top
CIM LOGO