Petitioun géint geplangte Schoul-OuvertureMinister Claude Meisch empfänkt Petitionärin nächst Woch

Claude Zeimetz
Eng Petitioun géint déi geplangte Schoul-Ouverture gouf iwwer 4.500 Mol ënnerschriwwen a gëtt elo ëffentlech debattéiert.

Den Debat gëtt zwar net virgezunn, ma d'Petitionärin, déi a kierzter Zäit déi néideg Ënnerschrëfte géint déi geplangten Ouverture vun de Schoulen zesummekritt hat, gëtt en Donneschdeg de Moie fir eng Entrevue vum Educatiounsminister empfaangen. Dat gouf en Donneschdeg an der Petitiounskommissioun vun der Chamber festgehalen.

Wéi et op Nofro vun der Presidentin vun der Kommissioun Nancy Kemp-Arendt geheescht huet, wier een zur Konklusioun komm, datt de virgeschriwwenen Delai fir d'Petitioun z'ënnerschreiwe bäibehale gëtt, sou wéi d'Reglement dat och virgesäit.

Et wier ee sech awer eens gewiescht, fir zu engem spéideren Zäitpunkt d'Diskussioun ze féieren, ob den Delai vun 42 Deeg net a Krisenzäite gekierzt kéint ginn.

D'Haaptsaach wier, sou d'CSV-Deputéiert Nancy Kemp-Arendt, datt d'Petitionärin hir Froen un de Minister stelle kann, ier d'Schoulen nees opginn.

D'Petitioun 1550 gouf bis ewell scho vu méi wéi 6.000 Leit ënnerschriwwen. Doranner gëtt gefuerdert, datt d'Schoulen an d'Betreiungsstrukture bis de September zou bleiwen, fir d'Kanner an d'Schüler virum Covid-19 ze schützen.

An den nächsten Deeg geet dann eng weider Petitioun fir d'Signaturen op. Dës fuerdert, datt d'Grondschoulen an d'Crèchen a Maisons relais wéi geplangt vum 25. Mee un nees opginn.

Nächste Mëttwoch ass och eng Aktualitéitsstonn iwwert d'Ouverture vun der Schoul an der Chamber.

Dir hutt d'Wuert am Replay

En Donneschdeg de Moie konnt Dir eis live op RTL Radio Lëtzebuerg Är Meenung soen a Froe stellen. De Minister Claude Meisch huet geäntwert.

De ganzen Artikel kënnt Dir hei noliesen.

Back to Top
CIM LOGO