
Nodeems d’Regierung tranchéiert huet, gouf et scho vill Reaktiounen, mee et stelle sech nach weiderhi vill Froen. Mee mat deem, wat scho gewosst ass, kann ee scho verschidde Konklusiounen zéien. Dat fënnt op alle Fall de Fränz Aulner an dësem Tëscheruff. Hie war beim Raoul Roos am Studio fir seng Analys als Fro an Äntwert ze presentéieren.
Fir unzefänken, datt d’Regierung de Rimm méi enk schnallt. An éischt Zich vun Austeritéit weise sech beim Staat a bei den ënneschte Gehälter.
Scho virun den neien US- an israeeleschen Attacken op den Iran an d’Géigereaktioune viru genee engem Mount hat de Finanzministère déi aner Ministèren opgeruff, mat den Ausgaben lues ze maachen. Scho virum Iran-Krich stoung a steet fest, datt d’Ekonomie trotz méi Netto vum Brutto manner dréint, ewéi erhofft an de Chômage klëmmt.
Spéitstens elo fäert d’Regierung, datt eng Mindestloun-Erhéijung iwwert d’Upassen un d’Inflatioun – den Index – an un d’generell Lounentwécklung – den Ajustement - d’ekonomesch Lag nach kéint verschlëmmeren.
Aus enger Rei akademeschen Etudë kann ee just zeréckbehalen, datt eng Hausse vun de Léin a priori 0,5 bis 3% manner nei Aarbechtsplaze kéint duerstellen. Aner Etudë si méi dramatesch an eenzel Etudë soen am Géigendeel, datt da méi Leit agestallt ginn. Bref: Et weess een et net genee an et hänkt vu sektoriellen, konjunkturellen a soziale Facteuren of.
Follgendes steet fest: D’Hausse vum Chômage heiheem betrëfft an der Lescht besonnesch héich qualifizéiert Leit – a priori also net Mindestloun-Empfänger. D’Kris am Bau huet och vill Plaze kascht, mee och an deem Secteur schafft bei wäitem net jidderee fir de Mindestloun. 60% vun de Salariéen hunn dann awer och e Kollektivvertrag a verdénge méi ewéi de Mindestloun.
Ech kann nach bäifügen, datt hei am Land eng Rei Betriber, och am Horeca an am Handwierk, mir an de leschte Jore soten, si géingen hir Leit méi ewéi de Mindestloun bezuelen. Firwat? Ma well et schwéier ass, gutt Personal ze fannen an ze halen.
Natierlech misst een hei vill méi detailléiert vu Secteur zu Secteur oder souguer vu Betrib zu Betrib kucken. Et ginn der doudsécher, déi kaum Margë maachen a bei Lounerhéijunge just kënnen hir Präisser an d’Luucht setzen oder apake mussen. Mee an enger ganzer Rëtsch Bilanen hunn ech vill Margen oder nach Dividenden erausgelies. Mee déi kaschten eben och eppes: entweder de Salarié oder de Client muss déi generéieren.
Nee, mee wat schonn e bësse rau ass: Wou setzt d’Regierung fir d’Austeritéit un? Net bei den héije Gehälter. Net bei steierleche Virdeeler notamment am Immobilieberäich a se sicht net no neie Recetten - am Géigendeel. Déi ugekënnegt Steierreform kéint och kritesch hannerfrot ginn, well déi bal 1 Milliard Euro d’Joer dem Staat géing kaschten.
Eng interessant Fro ass och, ob d’Regierung A seet an dann och B? Wann d’Situatioun esou schlecht ass, ka se dann der Fonction Publique am Gehälteraccord Enn des Joers nees Haussë ginn? Jo well déi ginn iwwert den Index eraus.
De Betriber kéint awer och méi gehollef ginn - net wann een d’Paien erofdréckt an d’Kafkraaft schwächt - mee wann een duerch Invest d’Energiepräisser reduzéiert oder d’Produktivitéit steigert. Oder wann ee géint Retarde bei Paiementer, administrativ Contrainten oder abusiven Absenteismus eppes mécht oder nach d’Loyeren an der Gitt hale géing.
De Mindestloun geet an d’Luucht ewéi all déi aner Gehälter, mee d’Kafkraaft vum Mindestloun eben net onbedéngt. Den Index ass retroaktiv op d’Präisdeierecht an d’Upassung un d’Lounentwécklung baséiert op de Joren 2024-25. Den 1.1. d’nächst Joer huet de Mindestloun héchstens matgehalen.
Well eng grouss Fro, déi sech nach stellt, ass, “wat geschitt, wann eng zweet Indextranche erfält an ewéi den CSV-DP-Koalitiounsaccord virgesäit, eng Tripartite aberuff gëtt?” Vue den Energieschock, deen zanter engem Mount unhält, ass dat ganz gutt méiglech. D’Regierung huet sech engagéiert, datt Mesuren da geholl ginn, fir de Kaftkraaftverloscht ze bekämpfen, mee gläichzäiteg d’Kompetitivitéit vun de Betriber z’erhalen. Kléngt fir mech staark no “Index-Moduléierung”.
Fairerweis muss ee soen, datt d’Regierung effektiv och vill Mesuren ënnerholl huet, fir datt méi Leit sozial Hëllef kréien an och automatesch. De Mindestloun gouf och steierfräi gemaach. Mee dat bezilt d’Allgemengheet an dowéinst kritiséieren d’Gewerkschaften dat als Almosen. Déi kritiséieren och d’Hëllef fir d’Betriber, mee do di se sech a mengen Ae kee Gefalen. Well wéi gesot, ginn et der vill, déi och tatsächlech extrem Péng kréien, wann d’Paie klammen. Méi differenzéiert Kritik an Hëllef wier vläicht besser.
Déi huet jo d’EU-Memberstaaten opgeruff, hir Mindestléin ënnert d’Lupp ze huelen a gegebenenfalls unzepassen: D’Regierung huet sech fir een Indicateur entscheet, deen d’Direktiv als Referenz proposéiert: De Mindestloun soll 60% vum Medianakommes ausmaachen.
Fir d’Berechnung vum Median huet se sech awer fir eng Methodologie vun Eurostat entscheet, déi den 13. Mount an aner Supplementen erausrechent – fir esou de Median erofzedrécken. Ma esouguer dann huet d’Generalinspektioun vun der Securité sociale (d’IGSS) ausgerechent, datt de Mindestloun misst em 34 Euro an d’Luucht goen, fir 60% vum Median z’entspriechen.
Hei kann ee sech froen, ob d’Regierung net op d’mannst hätt missen déi Upassung virhuelen an dann den Index an den Ajustement drop.
Jo, mee mir waarden nach ëmmer op d’Resultater vum “Méi a méi séier bauen”. Ech héiere riets a lénks just, datt Gemengenautonomie eng helleg Kou bleift, bei eenzele Projete manner Stäck erlaabt ginn, ewéi d’Entwéckler gären hätten an de Retard am Bau zouhëlt.
Weider Artikelen zum Theema: