
Dat schreift d’Generalinspektioun vun der Sécurité Sociale (IGSS) an engem Pabeier , dee se e Mëttwoch publizéiert huet. Dat entsprécht deem, wat den Aarbechtsminister Marc Spautz dës Woch gesot huet. D’Gewerkschaftsunioun OGBL-LCGB ass awer guer net mat där Analys averstan.
Firwat gëtt sou verschidde gerechent? De Fränz Aulner huet sech déi verschidden Indikateuren a Berechnungen ugekuckt
Lëtzebuerg muss der Mindestloun-Direktive no ewéi all déi aner EU-Länner evaluéieren, wat en adequate Mindestloun wier. D’Regierung huet sech vun e puer méiglechen Indicateuren oder Referenze fir d’Berechnung vum Mindestloun entscheet an zwar fir 60% vum Brutto-Medianakommes. Et handelt sech dem de sougenannte Kaitz-Index, deen net méi heescht ewéi: Mindestloun, gedeelt duerch Medianakommes, Mol 100.
Eng Alternativ wier 50% vum Brutto-Duerchschnëttsakommes. D’IGSS schreift, datt deen Indicateur awer net direkt weise géing, wat néideg wier, fir en dezent Liewe kënnen ze féieren. D’Gewerkschafte sinn och averstan, datt d’Median als Referenz geholl gëtt, och wann ee mat der Moyenne méi kéint souzesoen erausschloen.
Ma bei der Aart a Weis ewéi d’Medianakommes berechent gëtt – Fachleit soen d’Methodologie. D’IGSS berifft sech op Eurostat a schreift, datt bei der Berechnung vum Median, Supplementen ewéi den 13. Mount, Gratifikatiounen oder aner exzeptionell Primme sollen erausgeholl ginn. Genee dat, wat den Aarbechtsminister Marc Spautz sot, esou d’Nora Back vum OGBL an de Patrick Dury no hirer Reunioun mat him en Dënschdeg De Problem fir d’Gewerkschaften ass, datt dann de Median souzesoen kënschtlech méi kleng gemaach gëtt. De Mindestloun ass da proportional manner kleng par Rapport zum Median a muss manner eropgesat ginn.
D’IGSS kënnt an hirem Pabeier op e Median vun 4.563 Euro an eng Hausse vu wei gesot 34 Euro déi néideg wier, fir datt de Mindestloun op 60% dovunner kënnt. D’Chambre des Salariés berifft sech dann och op aner IGSS-Zuelen – e Median vu 5.010 Euro de Mount - a freet opgrond dovunner eng Hausse vun 11,2%, also 303 Euro.
Ewéi de Marc Spautz schreift d’IGSS, datt et awer kohärent wier, Supplementen erauszerechnen, well de Mindestloun och e Basis-Gehalt wier. De Patrick Dury huet gekontert: De Mindestloun kritt ebe grad dacks net déi zousätzlech Revenuen a géing deemno duebel benodeelegt ginn. Kënnt nach dobäi, datt bei der Berechnung vum Ajustement, der Upassung un d’generell Lounentwécklung all zwee Joer, déi Saachen net erausgerechent ginn.
Béides oder weder nach. D’EU-Direktiv geet net an deen Detail. Et muss einfach e politesche Choix geholl ginn.
Wat sécher net gehollef huet, ass nees d’Kommunikatioun : d’Regierung wollt mam viregten Aarbechtsminister Georges Mischo Ufanks d’Fonction Publique erausrechnen, fir de Median erofzedrécken. Da muss een och soen, datt esouwuel bei Eurostat ënnerschiddlech Zuelen ze fanne sinn, well ebe grad d’Methodologie anescht ass, mee och de Statec en anere Median a senger Datebank huet ewéi d’IGSS.
Vläicht kënne just Leit, déi mam Mindestloun musse liewen, soen, ob en duergeet oder net. Woubäi een d’grouss Fro net dierf aus den Ae verléieren: Besëtzt een eng Wunneng ouni Prêt oder net ?
Gëtt et eng Indextranche dëst Joer, klëmmt den onqualifizéierte Mindestloun ëm 68 Euro op 2.771 Euro de Mount. Nom Joreswiessel an dem Ajustement, deen dem Aarbechtsminister no ëm 3,8% wäert sinn, géing e bei 2.876 Euro de Mount leien.
Wichteg ass awer am Zesummenhang mat der Direktiv ze soen: Den Index kritt all Salarié, also geet de Median entspriechend och erop. Den Ajustement, dat ass d’Upassung vum Mindestloun un d’generell Lounentwécklung, déi all zwee Joer gemaach gëtt. An do ass wichteg ze soen, datt déi nächst den 1. Januar 2027, retroaktiv berechent ass op d’Joren 24-25. Ze soen “de Mindestloun” geet souwisou schonn an d’"Luucht” ass definitiv richteg, mee net ganz fair, well all déi aner Léin jo dann och geklomme sinn. En Nullsummespill also.
Ee Punkt kann een dem Patronat loossen: e weist zu Recht drop hin, datt eng Hausse vum Mindestloun weder Betriber betrëfft, wou héich Paie bezuelt ginn, nach de Staat, mee kleng Betriber am Handel, Handwierk oder Horeca. Déi mussen da kucken, ewéi se eens ginn, well déi, di vill verdéngen, wëllen jo och net méi deier fir hir Produite bezuelen.