“Ech hunn déi lescht Deeg net gutt geschlof”, sou den Ausseminister Xavier Bettel e Freideg den Owend am Interview op der Tëlee. Hie selwer hätt missten decidéieren, ob d’Leit, déi an den Emirater sinn, via den Oman rapatriéiert ginn oder net an hien hätt gesot kritt, datt null Risiko onméiglech ass. Hien hätt festgestallt, datt et keng Alternativ géif ginn, well de Fluchhafen zu Dubai de gréissten Deel vun der Zäit zou bliwwen ass an Abu Dhabi och net op war. Doropshin hätt hie seng Responsabilitéit geholl an decidéiert, datt d’Leit -Lëtzebuerger Residenten awer och Persounen aus Nopeschlänner - iwwer Maskat géifen erëm kommen.
Et war e weidere Fliger ënnerwee op Lëtzebuerg, dat ass eng Militärmaschinn, déi e Freideg den Owend um Findel gelant, esou de Xavier Bettel. “Dat ass en NATO-Fliger, dee mer och organiséiert hunn a wa mer d’Initiativ net geholl hätten, zesumme mat der Luxair, déi éischt Flich z’organiséieren, wieren haut eréischt déi éischt Leit heem komm. Well am Fong hu mer missen d’Autorisatioun och nach kréie vun deenen anere Matproprietäre vun deem Fliger. Dat ass een, dee mer deelen. A mir schaffe ganz gutt och elo mat der Belsch zesummen, och fir ze kucken, wéi mer nach déi eng oder déi aner, déi elo nach sur place sinn, kënnen erauskréien.”
Am Ganze goufe bis elo eng 500 Leit rapatriéiert, seet den Ausseminister, mä et géifen nach Leit, déi sech elo eréischt géife mellen, fir zeréck ze kommen. Leit, déi am Léifste vun Dubai aus heem komm wieren oder zu Dubai wollte bleiwen.
“Ech ka kee mat der Hand huelen a forcéieren. Mir hunn am Moment nach esou eng 150 Leit, déi sech gemellt hunn, dass se interesséiert wieren, fir mat engem nächste Voll, dee mer organiséieren kënnen, zeréck ze kommen.”
An Ägyptengéif nach eng Militärmaschinn drop waarden, datt se dierf fléien. De Xavier Bettel rechent domadder, datt dee Fliger e Samschden oder éischter e Sonndeg erëm kënnt. Do hätt een d’Hand net drop. Dee Vol wier vun der Belsch organiséiert a Lëtzebuerg kéint Plazen an deem Fliger kréien.
Et géif Solidaritéit tëschent deene verschiddene Länner, “mä mir si keng Reesagence”, huet den Ausseminister ënnerstrach. Hie kéint d’Leit net iwwerall siche goen. Si misste sech och deplacéieren. Den Xavier Bettel hätt am Léifsten, wann d’Leit séier géifen erëm kommen an ass erliichtert, datt déi 500 Persoune schonn hei sinn. An de Gespréicher mat deene politesch Responsabelen aus de Vereenegten Arabeschen Emiraten hätt et nämlech dacks geheescht, datt si sech elo géint d’Attacke vum Iran musse wieren, esou datt d’Situatioun riskéiert méi geféierlech ze ginn.
Arrivée vum 4. Rapartiementsvol: