Hien ass responsabel fir de Schutz vun der Äerd géint Asteroiden an aner Himmelskierper.
“Durch den sichtbaren Trail, also den Kondensationsstreifen da am Himmel, die lange Leuchtdauer und dass manche Leute hörbare Effekte berichtet haben, war schnell klar: das war nicht klein. Ein Kollege von mir hat auch gemeint, er hätte schon Feuerbälle am Himmel gesehen, aber das war nochmal eine Nummer grösser. Daher gehen wir davon aus, dass das Objekt über einen Meter gross war. Ich würde mal sagen irgendwo im niedrigen einstelligen Meterbereich was den Durchmesser angeht.”
E Meteorit wéi e Sonndeg den Owend géing weltwäit héchstens eemol am Joer erofkommen oder just all puer Joer. Plus mat der Gréisst vum Stee wier dat scho ganz seelen. Trotz aller Begeeschterung: zu Koblenz si jo awer eng ganz Rei Stécker op en Haus gefall. Gëllt dat net als geféierlech a misst een do net eigentlech d’Bevëlkerung warnen?
“Was wir als gefährlich einstufen ist ab 10 Meter. Das wäre nochmal deutlich mehr gewesen. Wo man dann erwartet, dass auch grössere Massen unten ankommen, die wirklich schwere Schäden an einzelnen Gebäuden verursachen könnten. Der Zeitpunkt und die Richtung aus der es kam, die geben uns einen Hinweis darauf warum es sehr schlecht zu finden war. Es war kurz nach Sonnenuntergang und es kam aus süd-westlicher Richtung. Es muss noch geklärt werden, ob es hätte gefunden werden können oder ob es zu sehr von der Tag-Seite der Erde kam, wo wir aufgrund des Streulichts der Sonne eigentlich nicht rechtzeitig etwas sehen können.”
E gutt Beispill dofir wier de Meteorit, deen 2013 am Februar zu Chelyabinsk a Russland erofgaange wier. Deen hätt een och net komme gesinn.
Wann een de Meteorit hätt komme gesinn, dann hätt een e Message kënnen un d’Bevëlkerung schécken. Et wier een awer dobäi, ee Fréiwarnsystem ze entwéckele fir de Weltraum, mam Numm “Neomir”. Dat soll e Weltraum-Teleskop sinn, den tëscht der Äerd an der Sonn patrulléiert, fir Objeten ze fannen, déi a Richtung Äerd ënnerwee sinn, erkläert den Dr. Richard Moissl.
Den Dr. Richard Moissl seet, hie wier keen Expert am Recht, mee eigentlech géing gëllen: wann de Meteorit zougänglech wier, da gehéiert en där Persoun, déi e fënnt. Wann en allerdéngs am Buedem gewiescht wier, da géing an Däitschland d’Schatzfindungsrecht spillen an e géing där Persoun gehéieren, där den Terrain gehéiert.