Ëm 30 Grad e Sonndeg an e MéindegGiel Hëtztwarnung op dat ganzt Land erweidert

RTL Lëtzebuerg
Nodeems MeteoLux eng Hëtztwarnung fir de Süde vum Land erausginn hat, gouf dës op dat ganzt Land an och op e Méindeg mat erweidert.
Hëtzeg Temperaturen an de Stad am Juli 2025.
© Domingos Oliveira

Mat engem Héichdrockgebitt iwwer Europa kënnt dëse Weekend am Grand-Duché richtegt Summerwieder op. Allerdéngs bréngen déi héich Temperaturen och eng waarm an dréche Loft mat sech.

Nodeems MeteoLux eng giel Hëtztwarnung fir e Sonndeg fir de Süde vum Land erausginn hat, gouf dës op dat ganzt Land erweidert an och op e Méindeg mat. Well den Thermometer e Sonndeg an e Méindeg bis op iwwer 30 Grad klamme kann, warnt MeteoLux virun ze laanger kierperlecher Aktivitéit, déi zu hëtztbedéngter Middegkeet an Erschëpfung féiere kann.*

Giel ass déi éischt Warnstuf a seet aus, dass eng méiglech Gefor besteet.

© Meteolux



An eisem Artikel vun zejoert kënnt Dir nach emol noliesen, wéi Dir am beschte mat den hëtzegen Temperaturen ëmgoe kënnt:

Wie sech iwwerdeem de Weekend um Stauséi wëll ofkillen, deen erënnert d'Police un d'Reegen, un déi sech ze hale sinn:


*An enger éischter Meldung hat MeteoLux hir Warnung vun 13 bis 19 Auer uginn, dës hu si awer méi spéit op de ganzen Dag erweidert.

Back to Top
CIM LOGO