
Wéi mir vun enger Lieserin eragemellt kruten, sinn d'Parkingen zu Ënsber, Bommel a Lëlz e Sonndeg de Mëtteg kuerz no 14 Auer schonn zou. Et gëtt geroden, op Opfangparkingen ze fueren, déi och scho "gutt beluecht" wieren.
Mat Temperaturen ëm 30 Grad ass de Summer definitiv zu Lëtzebuerg ukomm. Entspriechend goufe sech schonn am Virfeld vill Leit de Weekend um a ronderëm de Stauséi erwaart. Mat enger excellenter Waasserqualitéit, wéi um Site vum Waasserwirtschaftsamt ze liesen ass, och déi perfekt Plaz fir eng Ofkillung bei der Hëtzt.
D'Police huet allerdéngs verschidde Reegele rappelléiert, un déi sech ze hale sinn:
Fir d'Kontroll vun de Reegele wäert d'Police reegelméisseg um a ronderëm de Stauséi present sinn.

D'Schwammsaison zu Lëtzebuerg geet offiziell vum 1. Mee bis den 30. September. Wie sech net mat de Leit um Stauséi drécke wëll, kann och an de "Wämper Séi" zu Wäiswampech, den Iechternacher Séi oder d'Baggerweieren zu Rëmerschen schwamme goen.
Och hei gëtt reegelméisseg d'Waasserqualitéit kontrolléiert. Dës kënnt Dir um Site vum Waasserwirtschaftsamt nokucken.
Meteolux huet fir e Sonndeg eng giel Warnung erausginn. Tëscht 13 an 19 Auer kann den Thermometer am Süde vum Land op iwwer 30 Grad klammen. Giel ass déi éischt Warnstuf a seet aus, dass eng méiglech Gefor besteet.
