Rapport Covid Task ForceMesurë vu Regierung gi warscheinlech net wäit genuch

RTL Lëtzebuerg
D'Wëssenschaftler vun der Covid Task Force si sech net sécher, ob mat den aktuelle Restriktiounen d'Verbreedung vum Virus wesentlech erofgedréckt ka ginn.
Mesurë vu Regierung gi warscheinlech net wäit genuch
D'Wëssenschaftler vun der Covid Task Force si sech net sécher, ob mat den aktuelle Restriktiounen d'Verbreedung vum Virus wesentlech erofgedréckt ka ginn.

D'Infektiounszuele sinn iwwert déi lescht Woch liicht zréckgaangen an hu sech op engem héijen Niveau stabiliséiert. Dat notéiert d'Covid Task Force an hirem aktuelle Rapport. D'Mesurë vun der Regierung schéngen also ze gräifen. De Wëssenschaftler no gi se awer warscheinlech net wäit genuch, fir d'Verbreedung vum Virus wesentlech erofzedrécken. Besonnesch am Hibléck op d'Feierdeeg um Enn vum Joer.

Neiinfektiounen op 200 den Dag deckelen

Iwwer eng Woch gekuckt goufe vum 5. bis den 11. November an der Moyenne 678 Neiinfektiounen den Dag notéiert. Am Verglach zu 800 déi Woch virdrun. D’Situatioun huet sech deemno liicht berouegt, de Virus ass awer nach ganz present an der Gesellschaft. A kéint deemno nees relativ séier unzéien, esou den Dr Paul Wilmes vun der Covid-19-Task-Force.

Dofir ass och nach net kloer, ob de Peak vun der Hierschtwell schonn hannert eis läit. Och wann déi effektiv Reproduktiounszuel déi lescht Woch op 0,93 gefall ass. Eng infizéiert Persoun deemno manner wéi eng aner Persoun ugestach huet. Fir wierklech vun enger Andämmung vum Virus kënnen ze schwätzen, misst de Reproduktiounstaux awer iwwer Wochen op d'mannst op 0,8 erofgoen.

Fir eng exponentiell Verbreedung no de Feierdeeg ze evitéieren, wou vill Leit méi sozial Kontakter hunn, muss d'Zuel vun deeglechen Neiinfektioune bis dohinner op 200 erofgoen. Am anere Fall riskéiere mer ugangs 2021 eng Iwwerlaaschtung vun de Spideeler.

Mat den aktuelle Restriktiounen dierft et allerdéngs schwéier ginn, fir d’Infektiounszuele bis Chrëschtdag ëm Zweedrëttel reduzéiert ze kréien. Virop well een dovunner ausgoe kann, datt déi liicht Entspanung vun der leschter Woch och deels op d’Allerhellegevakanz zréckzeféieren ass. D’Erfarungswäerter aus de leschten zwou bis dräi Woche géifen effektiv weisen, datt wa mer op deem stabele Plateau vun elo, mat de Mesurë vun haut, bleiwe géifen, et warscheinlech net méiglech wier d’Kurv bedeitend erofzekréien, esou den Dr Paul Wilmes.

Vun engem Lockdown wier een awer nach e Stéck ewech. D’Verhale vun de Leit an d’Zuel vu soziale Kontakter ze reduzéieren, hätten och e groussen Impakt, esou de Paul Wilmes. Grad esou wéi d’Participatioun beim Large Scale Testing.

D’Detektioun vun asymptomateschen Infektioune géif och hëllefen, d’Verbreedung vum Virus anzedämmen.

© Didier Weber / RTL

Back to Top
CIM LOGO