Beetebuerger BuergermeeschterMetallwäert vu Kräizer a Figure kéint Grond fir Vandalismus u Griewer sinn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Beetebuerger Gemeng an engem Schreiwes matdeelt, koum et an der Nuecht vu Méindeg op en Dënschdeg zu engem uerge Fall vu Vandalismus um Kierfecht.

67 Griewer wieren dem Buergermeeschter no hei beschiedegt ginn an och d'Morgue gouf dem Jean-Marie Jans no opgebrach. Op Nofro huet d'Gemeng eis confirméiert, datt virun allem Kräizer a Figure vum Jesus aus Bronz geklaut goufen. Elo wier een amgaangen, sech en Iwwerbléck vun de Schied ze verschafen an déi betraffe Leit ze kontaktéieren. Et géing awer esou ausgesinn, "wéi wann et géing drëm goen, fir de Metallwäert vun deenen Objeten ze kréien", esou de Jean-Marie Jans.

Fir Buergermeeschter schéngt Metallwäert Grond fir Vandalismus u Griewer ze sinn
Bei engem uerge Fall vu Vandalismus um Beetebuerger Kierfecht goufe 67 Griewer beschiedegt. Virun allem Kräizer a Figure vu Jesus aus Bronz goufe geklaut.

De Beetebuerger Buergermeeschter betount, datt dës en "Akt vu Vandalismus" wier, "dee mir als Gemeng an ech och perséinlech, natierlech ganz schaarf verurteelen".

Och eng Plainte bei der Police gouf deposéiert, dës huet Ermëttlungen an d'Weeër geleet. Leit, déi mengen, datt se och Affer vun dësem Fall vu Vandalismus gi sinn, oder Hiweiser zu de méiglechen Täter hunn, si gebieden, sech beim Policebüro vum Réiserbann ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 61 1000.

Wéi d'Police preziséiert, wiere ronn 50 Kräizer a Figure geklaut ginn, vun deene sëllegen aus Bronz, Koffer oder Messeng waren. Donieft wier eng Kolumbarium-Anlag mat engem Marmorsteen beschiedegt ginn, dee virdru vun engem Graf erofgeholl gi war. D'Schlësselkëscht vun der Morgue wier mat Gewalt opgebrach ginn an de Schlëssel geklaut. D'Ermëttlunge lafen.

Liest hei d'Schreiwes vun der Beetebuerger Gemeng

Och am Juni koum et zu Akte vu Vandalismus op engem Kierfecht, déi Kéier zu Hollerech. Liest hei den Artikel vun deemools:

Back to Top
CIM LOGO