
Wéi d'Familljeministesch Corinne Cahen bei de Kolleege vum 100,7 matdeelt, ginn et an der Senioreresidenz zu Rodange den Ablack 16 positiv Fäll.
Zu Boufer "Am Park" wieren et der 20. Hei wier och eng Persoun gestuerwen, sou de Bedreiwer Servior dem Radio 100,7 géigeniwwer. D'Familljeministesch sot iwwerdeems, datt eng Rei Persounen elo hir 2. Impfung mussen decaléieren.