
Et muss ee verhënneren, datt d'Kris zu méi Aarmut an zu méi Aarme féiert, datt d'Ongläichheeten, déi et scho virum Covid-19 goufen, nach méi grouss ginn.
Deen Appell kënnt vun der Caritas, déi eng Partie Reflexiounen iwwert déi sozial Konsequenze gemaach huet, déi de Coronavirus riskéiert ze hunn.
Et dierf een de Kampf géint d'Aarmut an d'Ongläichheeten an der Gesellschaft grad elo net vernoléissegen - ganz am Contraire ënnersträicht d'Caritas. Et wiere méi Efforten néideg.
Et wier richteg de Leit an den Entreprisë mat e puer Milliarden ze hëllefen, mä et misst een och deenen hëllefen, deenen et finanziell schonn net gutt geet.
D'Marie-Josée Jacobs, d'Presidentin vun der Caritas: "Mir fannen, datt et och wichteg wier, datt mer e puer honnert Millioune géifen huelen, fir zum Beispill och de Revis erop ze setzen, fir d'Teuerungszoulag an och d'Subvention logement. De Minister hat déi zwar well erop gesat, mä fir eis geet dat, mat deem wat bis elo geschitt ass, net duer. D'Moossname mussen iwwerkuckt ginn, fir ze verhënneren, datt d'Leit nach méi an d'Aarmut geroden, oder weider Leit dobäi kommen."
D'Caritas huet sech Gedanken iwwert all eenzel Moossnam gemaach, déi decidéiert gouf an dorënner fält jo zum Beispill de Chômage partiel.
80 Prozent vun der Paien ze kréien, ënnersträicht d'Caritas, heescht net och 80 Prozent vun der Kafkraaft ze behalen. Déi géif fir verschidde Leit bis op 60 Prozent (oder nach méi déif) erofgoen: "Ech denken un déi, déi zum Beispill an de Restaurante schaffen. D'selwecht ass et bei de Coiffeuren oder an all deene Servicer wou mer ginn a reegelméisseg Drénkgeld loossen. Dat kréien, déi Leit natierlech den Ament net an dat mécht ganz dacks 20 Prozent vun hirem Pouvoir d'achat aus."
Fir elo deene Leit ze hëllefen, déi den Ament an enger schwiereger Situatioun sinn, huet d'Caritas eng Rei Aktiounen. Zum Beispill eng Helpline fir Leit déi elo finanziell net iwwert d'Ronne kommen: "Zum Beispill wann se hire Loyer net kënne bezuelen, wann se aner Rechnungen hunn, déi se net kënne bezuelen. Wann se do iwwerfuerdert sinn, kucke mer fir hinne relativ einfach an onbürokratesch ze hëllefen. Leit, déi bis haut ebe just net am System vum Office social sinn, deen natierlech nach ëmmer déi éischt Plaz bleift, wou Leit op méi laang Zäit kënnen a musse gehollef kréien."
Fir d'Helpline gëllt de 40 21 31 -999 oder helpline@Caritas.lu
Da gouf zesumme mat der Croix Rouge de Krees vun de Leit méi grouss gemaach, déi kënnen an d'Epiceries sociales goen: "Méi grouss gemaach an domadder deenen, déi et net méi kënnen an deenen normalen Epicerië packen, d'Méiglechkeet ginn, hier Liewensmëttel an hier Hygiènesproduiten zu engem Drëttel vum Präis ze kréien."
Zesumme mat hiren internationale Partner suergt d'Caritas awer och fir zousätzlech Hëllef an aarme Länner, zum Beispill op Haiti, am Südsudan an am Kongo. D'Hëllefsorganisatioun ënnersträicht och, datt d'Kris, ënner kengen Ëmstänn e Pretext dierf sinn, fir de Montant vun der Lëtzebuerger Entwécklungshëllef erof ze setzen. Dee misst bei engem Prozent vum Revenu national brut bleiwen.
