DruseMeeschhaff zanter Enn August wéinst Päerdskrankheet a Quarantän

RTL Lëtzebuerg
Druse ass eng héich ustiechend Krankheet, déi d'Otemweeër vum Päerd ugräift.
Meeschhaff zanter August wéinst Päerdskrankheet a Quarantän
Druse ass eng héich ustiechend Krankheet, déi d'Otemweeër vum Päerd ugräift. 2018 goufen hei am Land 4.600 Päerd infizéiert.

De Meeschhaff ass ee Päerdsstall am Norde vum Land. Dem Tania Sutor-Welfring an hirem Mann gehéiert den Haff. Si hunn eng Reitschoul, verloune Boxen a si virun allem duerch den Therapieberäich bekannt. Et ass deen eenzege Stall, deen et esou hei am Land gëtt. Hei kommen dofir dacks Päerd hin, déi sech no enger laanger Verletzung erhuelen. Den Ament ass dat awer net méiglech, wëll de Meeschhaff steet zanter Enn August a Quarantän ass. Wéinst Druse, enger Päerdskrankheet.

Et dierf kee raus, fir zum Beispill op Concoursen ze fueren, et dierfen awer och keng nei Päerd eran, fir zum Beispill vum Therapieberäich ze profitéieren. Fir d'Proprietäre bedeit dat och ekonomesch Aboussen. Mee fir si wär et awer de richtege Schratt gewiescht, fir d'Krankheet net un aner Ställ weider ze ginn. Druse ass nämlech eng héich ustiechend Infektiounskrankheet, déi déi iewescht Otemweeër befält. D'Krankheet gëtt vun enger Bakterie ausgeléist a just Equide kënnen sech ustiechen. Ënnert Equide versteet een Déiere wéi Päerd, Ieselen an Zebraen.

De Mënsch ass net a Gefor duerch dës Bakterie, mee ka si awer iwwerdroen iwwert zum Beispill d'Kleedung. Et ass den Ausfloss vum infizéierte Päerd, deen ustiechend ass. Krank a gesond Déiere musse streng getrennt ginn an dierfen net dat selwecht Material benotzen. Dofir huet den Meeschhaff, nodeems déi éischt Päerd positiv op Druse getest goufen, e separate Beräich ageriicht fir, dass d'Krankheet sech net ze vill am Stall verbreet. Ma dat sinn awer net déi eenzeg Virsiichtsmoossnamen. Bei deene kranke Päerd am roude Beräich leie Matten, déi mat Desinfektiounsmëttel gedränkt si virun all An- an Ausgang. Proprietäre vu kranke Päerd dierfen net an de grénge Beräich oder mussen d'Kleeder wiesselen.

De Veterinär Michael Renck ass spezialiséiert op grouss Déieren an huet si vun Ufank un am Ëmgang mat der Krankheet beroden. Druse gëtt et nämlech schonn zanter et Päerd gëtt. Et gëtt ugeholl, dass 10 Prozent vun de Päerd sougenannten Trägerdéiere sinn. 2018 goufen hei zu Lëtzebuerg am Ganze 4.600 Päerd gezielt.

Deemno wären ongeféier 460 Déieren chronesch Träger vun der Krankheet. Dat heescht si droen d'Druse ëmmer a sech, gi selwer awer net krank. Mee et kéint dann all Moment ausbriechen an aner Päerd ustiechen.

Ëmmer nees kënnt et dofir zu Ausbréch vun der Krankheet. Dëst Joer huet et de Meeschhaff getraff, mee alleguerten d'Päerd wäre gutt doduerch komm. Verschiddener hu guer keng Symptomer, anerer haten et méi schwéier. Dofir ass et wichteg d'Déiere permanent ze iwwerwaachen. Symptomer si Schnuddelen, Houscht, Féiwer bis zu Eeter an de Lymphkniet. Et kënnen och Abzesser entstoen, déi opbrieche kënnen an déif Wonne provozéieren.

Dat war zum Beispill beim 15 Joer ale Milo de Fall. Hien hat och vill Féiwer a stoung dofir 5 Wochen am Stall. Mëttlerweil geet et him besser an hie kann nees lues untrainéiert ginn. Well änlech wéi beim Mënsch, brauchen och d'Päerd no sou enger laanger Paus Zäit, fir nees a Form ze kommen. Een Dag nom RTL-Tournage krut de Milo eng negativ Diagnos an ass domadder offiziell ganz gesond. Aktuell wären et nach dräi Päerd, déi nach positiv sinn, obwuel si keng Symptomer hunn.

Et ware laang Woche fir d'Personal, d'Proprietäre vum Stall, d'Päerdsbesëtzer an natierlech d'Déiere selwer. Ma mat vill Discipline konnt d'Krankheet iwwerwonne ginn. Ma sou bësse kennt en déi ganz Virsiichtsmoossname jo och aus eisem Liewen.

Back to Top
CIM LOGO