Invité vun der Redaktioun (29. Juli)Max Pesch, Buergermeeschter vu Bech

Marc Hoscheid
E Mëttwoch de Moien ass d'Gemeng Bech Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Zanter Ufank vum Joer ass de Max Pesch Buergermeeschter vun der Gemeng Bech. D'Aart a Weis wéi seng Virgängerin Jil Goeres hire Poste verluer huet, hat iwwer d'Grenze vun der klenger Ostgemeng eraus fir Diskussioune gesuergt. Doriwwer a wéi hien an Zukunft fir ee bessert Mateneen am Gemengerot suerge wëllt, schwätze mer e Mëttwoch de Moie mam Max Pesch als eisen Invité vun der Redaktioun. Weider Sujete sinn d'Mobilitéit an de soziale Wunnraum.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO