Wann ee sech freet, wat et eigentlech bedeit, u Covid schwéier erkrankt ze sinn, freet een am beschten an engem Spidol no, do wou Dag fir Dag d'Personal am Dauer-Stress ass.
Zanter 30 Joer schafft d'Berta am Gesondheetssecteur. Méi genee hei zu Ettelbréck am Spidol. Si ass Aide-soignante vu Beruff. Iwwer e Stage huet d'Berta d'Léift zu dëser Aarbecht entdeckt.
Um Stack vun der Chirurgie schafft d'Berta. A mat hir och d'Jessy Gompelmann. Am August d'lescht Joer huet déi jonk Fra als Infirmière ugefaange mat schaffen. No der 9ième war hir kloer, dass si spéider wéilt fir déi aner do sinn.
D'Jessy huet 21 Joer. No der Infirmièresschoul huet si nach 2 Joer BTS gemaach. Souwuel d'Berta ewéi d'Jessy schaffen op Schichten. Dobäi kann d'Berta op eng grouss Beruffserfarung zréckgräifen.
Op der Covid-Statioun komme béid Dammen och zum Asaz. Eng Aarbecht déi vill Gedold an Fangerspëtzegefill vum Gesondheetspersonal ofverlaangt. Do geet ee schonn u seng psychesch Grenzen.
D'Berta huet sech och scho géint de Covid-19 geimpft.
Fir déi krank Leit do sinn an hëllefe sou gutt et geet. Dëst ass eng Liewensaufgab fir d'Berta, d'Jessy a fir dat ganzt Personal aus dem Gesondheetssecteur.
