HorescaMat Heizstrahler an Terrassen de Wanter iwwerbrécken

RTL Lëtzebuerg
Et si schwéier Zäiten, déi den Horesca-Secteur den Ament duerchmécht...
Bedeitung vun den Terrassen fir d’Wantersaison 2020
Wéi kann een Terrassen also och am Wanter bäi behalen? A wéi vill Sënn mécht et se ze hëtzen?

Net nëmme steet ee virun enger neier Fermeture duerch ee partielle Lockdown, déi niddereg Temperature kaschte si och nach all Dag Clienten. Well fir op der Terrass ze sëtzen, gëtt et sou lues definitiv ze kal. Ma et si genee déi Sëtzplazen dobaussen, déi grad elo esou wichteg sinn – aus wirtschaftlecher, awer och aus gesondheetlecher Siicht. Wéi kann een Terrassen also och am Wanter bäibehalen? A wéi vill Sënn mécht et, se ze hëtzen?

16 Auer nomëttes an der Stad. An der Siegfried-Strooss preparéiert ee sech op déi éischt Afterwork-Clienten. Obwuel d'Temperaturen op dësem 11. November mëttlerweil just nach bei ëm déi 10 Grad leien, bleift dem Paul Simpson seng Terrass weiderhin op. “Déi lescht Woche war et eis Haaptprioritéit an eis Terrass z’investéieren, fir esou vill gutt Sëtzplazen ze hunn wéi et nëmme geet. Dat ass den Ament immens wichteg”, erkläert de Schott, deen 2011 vun Edinburgh op Lëtzebuerg geplënnert ass. Zanter 5 Joer ass hie Proprietär vun der Bar “The Tube”, zesumme mat senger Fra Olivia. An där Zäit huet villes sech verännert, och d’Terrass, déi Ufank November ëmgebaut ginn ass, fir déi banne verluere Kapazitéiten opzefänken. Si hätten op d'mannst 50% u Capacitéit verluer, erzielt d’Olivia Bell, bannen hätte se just nach 10 Dëscher. Déi zousätzlech Plazen op der Terrass géingen dofir immens hëllefen.

Paul Simpson: “Mir wëllen, dass d'Leit sech sécher a gutt spieren, dass se d'Liewen nach genéisse kënnen. D'Liewe sollt net ophalen. A mat Kolleegen ee Patt ze huelen, ass ee wichtegen Deel vun der sozialer Kultur. Andeems mir dobausse Sëtzplazen ubidden, versiche mer de Leit et ze erméiglechen, sech sécher a confortabel ze spieren, a gläichzäiteg ze genéissen.”

Ëm déi 15 zousätzlech Dëscher hu si op der Terrass. A fir esou laang wéi et geet dovu profitéieren ze kënnen, hunn de Paul an d’Olivia decidéiert, an elektresch Heizstrahler z’investéieren. Vue dass se gläichzäiteg als Luucht genotzt ginn, kënne se relativ niddereg opgehaange ginn. Esou wiere se vill méi effikass, seet de Paul. Energiekäschte ginn erof an d’Clientë kréien eng direkt Hëtzt. Ronn 1.500 Euro hu si an hir nei Heiz-Luuchte gestach. An dat an Zäiten, an deenen d’Geschäft souwisou schonn ënnert den aktuellen Ëmstänn leit.

Paul Simpson: “Sue sinn den Ament ganz wichteg. Mä mir mussen eis an esou Situatiounen upassen. D'Investitioun fir d'Luuchten, d'Terrass an d'Markis fir am Wanter fir Schutz a Wäermt ze suergen, ass wierklech essentiell. Hoffentlech lount d'Investitioun sech.”

D’Mireille Rahmé, Proprietärin vum “Café des Capucins”, huet scho laang virun der Corona-Kris an Heizstrahler investéiert. Si léisst hir Terrasse schonn ëmmer dat ganzt Joer iwwer op, och wann et kal gëtt. Meä déi puer Heizstrahler eleng géingen awer net duergoen, wann et sou richteg kal gëtt.

Mireille Rahmé: “Lo si mer am gaangen z’iwwerleeën, ob mer net awer kënnen en Deel vun der Terrass op der Säit zoumaache mat esou Baatschen, fir dass d’Leit sech trotzdeem kënnen heihinner sëtzen. Dat sinn natierlech nees Suen, déi mussen investéiert ginn, an am Moment iwwerleet ee sech wierklech zwee Mol ob een investéiere wëll a wéi vill een investéiere wëll.”

D’Clientë géingen den Ament op alle Fall léiwer dobausse wéi dobanne sëtzen, fir eppes z’iessen an ze drénken, stellt d’Mireille Rahmé fest. Ass d’Terrass gehëtzt, ass et een zousätzleche Grond, baussen ze bleiwen, soen eis verschidde Clienten op Nofro hin.

D’Clientë freeë sech den Ament also iwwer gehëtzten Terrassen - Ëmweltorganisatioune manner. D’Loft dobaussen ze hëtzen ass nämlech net ganz ëmweltfrëndlech. Virun allem déi gasbedriwwen Heizpilze stoussen dobäi extrem vill CO2 aus. Aus dësem Gronn si se zum Beispill bei eisen däitschen Nopere schonn op ville Plaze verbueden. Duerch d’Corona-Pandemie hiewe verschidde Stied dat Verbuet awer erëm op, fir d’Gastronomie z’ënnerstëtzen déi op all Client ugewisen ass.

Zu Lëtzebuerg ginn den Ament keng Diskussiounen doriwwer geféiert, Heizstrahler sinn erlaabt. Ma wat denkt ee beim Mouvement écologique doriwwer?

Blanche Weber: “Ech mengen, mir sinn hin- an hiergerappt, muss ech éierlech soen, wéi warscheinlech ganz vill Leit. Et ass ganz kloer, dass et aus ökologescher Siicht absolut net ze vertrieden ass. Mir sinn an enger Klima-Kris sonnergläichen an all Emissioun ass vill ze héich, Punkt. Anerersäits si mir natierlech och net blann, dass mer mierken, mir hunn awer déi Corona-Kris, mir hunn an der Restauratioun vill Problemer, grad an deem Secteur. Et ass eng kleng Méiglechkeet, dass d’Leit sech awer nach bëssen no begéinen, et ass jo besser wéi a geschlossene Raim. A soufern si mir éierlech gesot hin- an hiergerappt.”

Ma et ginn awer och méi ökologesch Alternativen, esou d’Blanche Weber. Déi gënschtegst Léisung wier, sech einfach méi déck unzedoen oder eng waarm Decke mat ze bréngen. “Wann een awer an déi aner Richtung geet, wat den Ablack de Fall ass, dann ass et wichteg, dass een Infrarout-Strahler a keng Gas-Strahler hëlt”, erkläert d’Presidentin vum Mouveco.

Blanche Weber: “Mir si ganz kloer der Meenung, dass wa Covid-Zäiten eriwwer sinn, dass dat net nach eng Kéier eng Léisung dierf si fir aner Joren. An dass dat och e Message ass, deen een de Restaurateure soll soen, net ze vill doranner z’investéieren, well dat soll näischt sinn, wat déi nächst 10 Joer nach genotzt gëtt. Dat wär e risege Problem.”

An dëser ganzer Debatt huet d’Mireille Rahmé eng kloer Positioun.

Mireille Rahmé: “Also fir mech ass et eben einfach wichteg, alleguerten déi Leit, déi bei mir schaffen, dass ech deene kann déi Aarbechtsplaz erhalen. Wann ech natierlech keng Clientë méi hunn, da muss ech och kucken, dass et iergendwéi opgeet, an da muss ech Personal entloossen. Dat ass, wat mir all jo wëlle verhënneren. Ech mengen, déi Heizstrahler kaschte jo och eppes, mä wann mer domat e puer Leit méi kréien, tant mieux! Wann dat kann hëllefen, fir net mussen een erauszegeheien, da sinn ech absolut dofir.”

Zeréck bei d’Olivia an de Paul vum “Tube”, déi eis erzielen, dass se vill Wäert op Nohaltegkeet leeën. Net nëmme bedreiwe si déi éischt vegan Bar an der Stad, ma och bei den Heizstrahler. Hinne war hinne wichteg, dass se sou wäit et geet ëmweltfrëndlech sinn. A bei de Clientë schéngen se bis elo gutt unzekommen. Ma d’Koppel stellt sech op een haarde Wanter an.

Paul Simpson: “Mir gehéieren zu deene Glécklechen, déi eng grouss Terrass hunn. Net jidderee ka sech upassen an dobausse Plazen ubidden. Et gëtt ee ganz haarde Wanter. Mir versiche just eis iwwer Waasser ze halen an et bis den nächste Summer oder Fréijoer ze packen.”

Realistesch awer och optimistesch versichen déi jonk Proprietären iergendwéi duerch dëst Joer 2020 ze kommen, genee sou wéi de Recht vun hire Kolleegen am Secteur.

Reaktiounen no der Lockdown-Annonce

"Mir maachen net méi zou", sot nach Enn Mee den Horesca-President bei eis op der Antenn. Wéi um Méindeg offiziell ugekënnegt gouf, kënnt et awer anescht. De Mëttwoch ass de Vott an der Plenière, esou dass Kinoen, Fitnesszenteren, Caféen a Restauranten vun en Donneschdeg u fir 3 Wochen zou sinn.

Wéi geet een am Horesca-Secteur domat ëm a wéi gëtt sech bis dohinner organiséiert? Mir waren um Méindeg den Owend live an der Stad a hu mat engem Restaurateur an Clienten iwwert den neien Lockdown geschwat.

Reaktiounen no der Lockdown-Annonce
Mir waren um Méindeg den Owend live an der Stad a hu mat engem Restaurateur an Clienten iwwert den neien Lockdown geschwat.

Back to Top
CIM LOGO