Goufen d'Covid-Reegelen agehalen?Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn

Dan Wiroth
Ganzer 35 Mol wärend engem Owend hu Bierger misse bezuelen, well se déi néi Covid-Reglementatiounen net respektéiert hunn.
Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn
Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn

Eng Ekipp vum Magazin war an der Nuecht vun Halloween mat der Police um Terrain, fir ze kucken, ob d'Bierger déi nei sanitär Reegelen, sou wéi d’Ausgangsspär respektéiert.

Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn
Mat der Police ënnerwee wärend der Spärstonn

Virun allem gouf de Couvre-feu an d'Ouverture-Zäite vum Horesca-Beräich kontrolléiert, mä och wei vill Persounen op engem Dësch sëtzen an ob d'Leit eng Mask unhunn.

An engem Etablissement goung de Rapport un d'Santé, wéinst engem Verstouss géint Reegelen.

Méi Kontrollen, méi Presenz 

Am Kader vun den neie sanitäre Reegelen an de Spärstonnen nuets vun 23 bis 6 Auer, huet d'Police gréisser ugeluechte Kontrollen an der Stad an iwwer Land annoncéiert.

Op enger Pressekonferenz hunn de Minister Henri Kox, sou wéi de General Direkter vun der Police Philippe Schrantz déi lescht Woch Detailer ginn, wéi Police mat den neie sanitäre Reglementatiounen a mat der Ausgangsspär virgeet.

De Philippe Schrantz, General Direkter bei der Police sot:

"Soulaang mer et eis effektiv kënnen erlaben, loosse mir d'Nuetsschichten op engem Maximum op eise Kommissariater dréinen. An och eis Verkéiersunitéite wäerte verstäerkt nuets ënnerwee sinn. Dat landeswäit a virun allem d'Weekender. Eis aner Kontrollen, wéi zum Beispill d'Abréch, kombinéiere mer mat eise Covid-Kontrollen."

Wéi gesäit et an der Realitéit um Terrain aus?

D'Police ass konsequent.

"Duerch déi vill Campagnen a Pressekonferenze gi mir dovun aus, dass de Bierger Gesetzgebung misst kennen!Wann mir eng Strofdot feststellen, da schreiwe mir en “Avertissement taxé” oder mir rapportéieren dat de jeeweilegen Autoritéiten, Justiz oder Santé, dann decidéiere si.”

145 Euro ass den Tarif, wann ee bei enger Strofdot erwëscht gëtt.

150 Avertissements taxés wéinst Verstéiss géint Corona-Mesuren

Back to Top
CIM LOGO