
Hie wollt virun déck zwee Méint nom Hämmelsmarsch um Cents mam Auto heemfueren, e Feeler, wéi hien elo agesinn huet.
Um Hämmelsmarsch kritt een heiansdo e Patt ze drénken. Hien hätt net opgepasst an dono awer wëlle mam Auto heemfueren, sot de Mann. "En Zeien hat Iech gesi staark Zickzack fueren, dat heescht, Dir waart eng Gefor.", huet de Riichter him an d'Gewësse geriet. Hie wéisst och net, wat hien do geridden hätt, war dem Beschëllegte seng Äntwert dorop. "Ass dat déi 1. Kéier, dass sou eppes virkënnt?", wollt de Riichter wëssen. Dass hie sou ugehale gouf, jo, och wann am Procès-verbal stéing, dass virun 30 Joer schonn eng Kéier sou eppes geschitt wär. Do hätt hien en Accident gehat, awer net mat Alkohol. "Dir hutt awer selwer gesot, Dir hätt 3 Mol wéinst Alkohol de Führerschäi verluer.", huet de Riichter ze bedenke ginn. Den Affekot vum Mann huet betount, dass deen „en aveu" wär. De Me Jean-Jacques Lorang huet vun engem "festlechen Alkoholkonsum" geschwat. Säi Client wär keen Alkoholiker a fréier Sécherheetschef an enger grousser Entreprise gewiescht. Géint de Mann wär och schonn e provisorescht Fuerverbuet gesprach ginn.
D'Vertriederin vum Parquet huet drun erënnert, dass et am Lidd heescht "(...) an d'Kanner loossen hire Kaffi stoen (...)": An dësem Fall hätt de Mann besser säin Auto stoe gelooss. D'eppes-ze-drénke-kréien hätt sech ugeheeft vu moies 9 bis mëttes 3. Dono hätt de Mann sech hannert d'Steier gesat, wat den Dossier net witzeg maache géif. Hie wär op enger Streck gefuer, op där vill Leit zirkuléieren, mat bal 2,5 Promill, wat extrem geféierlech gewiescht wär. Et sollt eng ugemoosse Geldstrof an e Fuerverbuet vu 25 Méint gesprach ginn. Bei deem Alkoholtaux a beim Mann senger Geféierlechkeet, deen Dag, wär kee ganze Sursis dran. Hie misst verstoen, dass hie bei sou engem Taux net an der Géigend vun engem Steier dierft sinn an den Auto hätt solle stoe loossen.
D'Urteel gëtt de 4. Dezember gesprach.