Aus dem PolicebulletinMat 146km/h duerch Tunnel gerannt, presuméierte Brigang an Akafszenter um Kierchbierg gepëtzt

RTL Lëtzebuerg
Am hirem Bulletin mellt d'Police zwee Virfäll vun e Samschdeg, respektiv Sonndeg.
© Laurent Weber

Am fréie Samschdegmoie géint 2 Auer gouf en Abroch an en Akafszenter um Kierchbierg gemellt. En Täter ass duerch eng Dier bei der hënneschter Entrée an d’Gebai komm, um Rez-de-Chaussée huet eng Iwwerwaachungskamera hie gefilmt. Den Täter ass bei d’Elektronik-Rayone gaangen an huet ugefaangen, Géigestänn an eng Posch ze leeën. E Sécherheetsmann konnt den Abriecher stellen a festhale bis d’Police op der Plaz ukomm ass. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.

E Sonndeg dann e presséierte Chauffer op der A13 op der Héicht vum Tunnel Fréiseng. Wärend Beamte vun der Police hei Vitesskontrolle gemaach hunn, ass e Chauffer mat 146 Stonnekilometer amplaz den erlaabten 90 duerchgefuer. Hie misst nach op der Plaz säi Permis ofginn.

Back to Top
CIM LOGO