Appell vun der ËmweltverwaltungMasken an Händschen net einfach an d'Natur geheien

RTL Lëtzebuerg
Se gehéieren ewell zum Alldag an dësen Zäiten: Otemschutzmasken an Händschen. Mä se gehéieren op kee Fall an d'Natur!

Et ass e Bild, dat ee leider ëmmer méi gesäit: Händschen a Masken, déi einfach op de Buedem gehäit goufen.
Dass déi Saache an eng Poubelle gehéieren, dierft u sech kloer sinn an awer  huet d'Ëmweltverwaltung en Appell un d'Responsabilitéit vu ville Leit misse maachen.

Och a Supermarchéen hänken ewell Ziedelen, mat änlechen Appeller. Do schéngt et nämlech Trend ze sinn, Masken an Händschen an d'Toilette ze geheien.

Back to Top
CIM LOGO