
Wéi d'Stater Gemeng z.B. matdeelt, gëtt d'Ouverture vun esou Marchéen, bis no der Reprise vun de Schantercher ausgesat; dat wier op fréistens nom 20. Abrëll, dem Dag no der Ouschtervakanz.
Jee no der Evolutioun vun der Situatioun ëm d'Pandemie, kann deen Delai och nach verlängert ginn, deelt d'Stater Gemeng mat.
All weider nei Soumissioun fir e Marché Public gëtt bis op Weideres ausgesat.
Sougenannt "kritesch", also wichteg an urgent ëffentlech Marchéë sollen dem Stater Schäfferot awer matgedeelt ginn, dee se da Fall fir Fall aviséiert.