Invité vun der Redaktioun (11. August) - Marc LauerAlter vun der Populatioun, Technologien, Äerderwiermung an "Infrastrukturkris"

François Aulner
En Dënschdeg de Moie war de Sozialdialog Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Marc Lauer
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D'Sozialpartner hu Krisen hannert, mee och viru sech, esou de Marc Lauer en Dënschdeg de Moien hei op RTL. Hie gëtt den 1. Oktober neie President vun der Unioun vun den Entreprisen, der UEL, an huet grouss Erausfuerderungen an den nächste Jore genannt, déi esouwuel d'Patronat ewéi d'Gewerkschafte missten um Häerz leien hunn. D'Populatioun gëtt méi al wat Konsequenze fir d'Sozialversécherung huet, d'Technologien evoluéiere mat virop der kënschtlecher Intelligenz, d'Äerd gëtt méi waarm an da gëtt et nach "d'Infrastrukturkris", esou de Marc Lauer. Et géing u Logement a Stroosse feele fir Leit um Aarbechtsmaart ze hunn.

Wann d'Gewerkschaften déi Constaten deelen, esou ginn d'Positioune bei de Léisungsusätz awer auserneen. De Marc Lauer huet et esou resuméiert: d'UEL setzt d'Competitivitéit vun de Betriber an de Vierdergrond, d'Gewerkschaften d'Kafkraaft. Et géing och "an Zukunft Sträit ginn" an de Sozialdialog wier "spannend".

Kuch besser verdeelen a méi grouss maachen

Hie geet allerdéngs dovunner aus, datt et nach méi schwéier wäert ginn, well d'Wirtschaft ewéi déi lescht Joren och an den nächste Jore wäert méi lues wuessen ewéi am historesche Verglach. "An dofir musse mer kucken, datt mer eis eens ginn, fir dee Kuch richteg ze verdeelen a wa méiglech erëm d'Moyenen ze kréien, datt de Kuch méi grouss gëtt", esou de Marc Lauer.

Op den Däiwelskrees ugeschwat, datt ee mat anstännege Paie sech keng Wunneng ka leeschten ausser et huet ee Startkapital oder Chance, sot hien, dat wier e Problem iwwerall an Europa. Et wier eng Diskussioun un där d'Patronat an d'Gewerkschaften wäerten deelhuelen, mee et wier och eng "gesellschaftlech Diskussioun", déi an der Chamber misst gefouert a vun der Regierung orientéiert ginn.

Assureur a Kand vu Metzler

De Marc Lauer iwwerhëlt d'Présidence vun der UEL den 1. Oktober vum Michel Reckinger. Deem seng gutt 5 Joren un der Spëtzt vum Patronatsverband huet de Marc Lauer gelueft: en hätt sech "ganz vill agesat" an "heiansdo komplizéierten Dossieren". Zur Kommunikatioun sot hie just, et wier "e Sujet, wou ee ganz vill kann doriwwer diskutéieren". Hanner virgehalener Hand ware Patronen net zefridden domadder, datt d'Gewerkschafte mat hirer grousser Manif d'lescht Joer am Juni Erfolleg haten.

D'UEL géing sech op dräi Haaptsujete konzentréieren, déi "transversal" fir all hir Membere wieren: d'Steieren, d'Aarbechtsrecht an d'Sozialversécherung. Do wou se manner Kompetenzen huet, géing se spezifesch Positioune vun den anere Patronatsverbänn ewéi d'Handwierkerfederatioun oder d'Bankenassociatioun verdeedegen.

Iwwerdeems de Michel Reckinger aus dem Handwierk ass, ass de Marc Lauer als Assureur aus der Finanzplaz. Hien huet awer betount, datt seng Elteren eng kleng Metzlerei haten a wéisst dowéinst wat d'Handwierk fir d'Leit déi an deem Secteur schaffen a fir d'Ekonomie duerstellt.

Invité vun der Redaktioun: Marc Lauer

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO