Invité vun der Redaktioun (25. Juni)Marc Georgen, Deputéierte vun der Piratepartei

François Aulner
En Donneschdeg de Moie ass de Piraten hir Siicht op d'Tripartitesmesuren Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Fir d'Piratepartei sinn d'Mesuren, déi op der Tripartite decidéiert goufen, "ee wichtege Schratt", fir d'Kafkraaft ze schützen an d'Konsequenze vun der Kris am Noen Osten ofzefiederen. Fir iwwert déi Mesuren an aner alternativ Propose vun de Piraten ze schwätzen, ass hiren Deputéierte Marc Goergen eisen Invité vun der Redaktioun.

Mat him schwätze mer och iwwert déi aktuell Hëtzt an ewéi de Piraten no d'Autoritéite mat esou Situatioune sollen ëmgoen.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO