Invité vun der Redaktioun (9. Abrëll)Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk

François Aulner
En Donneschdeg de Moien ass de Rotatiounsprinzip vun déi Lénk Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Bei déi Lénk gëtt et e Rotatiounsprinzip: an den nächste Méint iwwerléisst den Deputéierten David Wagner der Ana Correia säi Sëtz an der Chamber an de Marc Baum mécht Plaz fir de Gary Diderich.

Wat gëtt de Marc Baum sengem Nofollger mat op de Wee? Wat mécht hie selwer bis déi nächst Walen an zwee an engem hallwe Joer?

Dat froe mir de Marc Baum selwer en Donneschdeg de Moien hei op RTL. Mat him schwätze mer och iwwert de Mindestloun an d’Wafferou tëscht den USA an den Iran.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO