Esou de President vun der AVR e Samschdeg am Kader vum internationalen Dag vun den Affer vu Stroossenaccidenter. D'Associatioun vun den Affer freet, datt och wärend der aktueller Situatioun weider u Verbesserungen an der Sécherheet vum Stroossennetz geschafft gëtt.
Datt virun allem nees Beweegung an d'Aarbechtsgruppe vun der Securité Routière kënnt. D'Ëmsetze vun de Moossname fir méi sécher Stroossen dauert ze laang, esou d'Kritik vum AVR um Monument vun de Stroossenaffer zu Jonglënster.
"Well et ëm déi Leit geet, déi et leider getraff huet an déi Leit näischt méi mat de Wierder Preventioun a Repressioun kënnen ufänken. Genau dorëms geet et haut.", esou de Raymond Schintgen de Samschdeg.
Éischte Rendez-vous war de Samschdeg de Moien um hallwer 11 zu Béiwen un der Atert op der N22 a Richtung Biissen. Eng Streck, op där et ëfters zu Accidenter a méi geféierlechen Iwwerhuelmanövere kënnt. Virun allem d'Beem op dëser Stréck gëllen als fatale Brems-Objet. Hei fuerdert ee vum AVR iwwert den Diversitéitsplang, d'Beem op verschiddene Strecken e puer Meter vun de Stroossen ewech ze réckelen.
"Et ass eng Fuerderung, déi mer schonn zanter Joren hunn. Et ass eng vun de Strecken, wou d'Leit owes no der Schicht heem fueren a wou Leit net méi Doheem ukommen."
Et géif een hoffen, esou den Transportminister, datt déi aktuell Pandemie och géif d'Wichtegkeet vun der Gesondheet vu jiddwer Eenzelem op der Strooss sensibiliséieren.
22 Mënschen hunn zejoert hiert Liewen op de Lëtzebuerger Stroosse leiegelooss. D'Zuelen, déi zwar erofginn, awer nach ëmmer frustréieren, esou den AVR. Iwwer 200 Leit goufe schwéier blesséiert. D'Ursaache vun den Accidenter bleiwen déi selwecht. Virun allem héich Vitess, geféierlecht Fuerverhalen an Alkohol.