Elo am Lockdown sinn d'Leit méi spéit opgestanen, dat op d'mannst, wann een d'Zuele vum Stroumverbrauch kuckt. Vläicht eng kleng positiv Nuance aus de leschte Wochen.
Och déi Leit, déi geschafft hunn, hunn net stonnelaang an der Woch am Stau am Auto verbruet.
Insgesamt ass d'Stroumconsommatioun ëm knapp een Drëttel zréckgaangen. Kuckt ee sech d'Zuele vum Finanzsecteur un ass et och hei eng Reduktioun vu knapp 30 Prozent, dat obwuel riicht weider geschafft gouf, ma dat zu engem groussen Deel vun Doheem aus.
Ma insgesamt ass de Stroumverbrauch bei de Privatstéit net an d'Luucht gaangen.

Den Abrëll hat vill Sonnestonnen, d'Photovoltaik-Produktioun ass an d'Luucht gaangen, dat och well zanter dem leschte Joer zousätzlech Anlage gebaut goufen.
