Verontreiung vu SuenMann zu 30 Méint Prisong mat Sursis probatoire verurteelt ginn

RTL Lëtzebuerg
Him gouf virgehäit tëscht 2007 an 2015 bal 525.000€ zu Laaschte vu sengem Ex-Patron, enger Firma fir Baumaterial, verontreit ze hunn.
© Afp (Archive)

Dofir hätt hien ënnert anerem Rechnungen a Viremente gefälscht. D'Urteel gouf en Donneschdeg am Nomëtteg um Stater Geriicht gesprach: 30 Méint Prisong mat Sursis probatoire, woubäi d'Oplo am Entschiedege vun der Partie civile besteet. D'Firma krut eppes méi wéi 555.000 € Schuedenersatz zougesprach.

Back to Top
CIM LOGO