Kollisioun mat PoliceautoMann war zu Wuermer mat 61 km/h op enger E-Trottinett ënnerwee an huet probéiert, sech duerch d'Bascht ze maachen

RTL Lëtzebuerg
Bei der Kontroll sollt sech erausstellen, dass de Chauffer Droge konsuméiert hat.

E Sonndeg am Nomëtteg huet eng Policepatrull eng Vitesskontroll zu Wuermer gemaach. Dobäi ass hinnen e Mann opgefall, dee mat net manner wéi 61 Stonnekilometer op engem Vëloswee ënnerwee war, dat op enger E-Trottinett.

Wéi d'Polizisten de Mann kontrolléiere wollten, huet dee sech duerch d'Bascht gemaach respektiv huet dëst probéiert. En huet probéiert, laanscht e Policewon ze fueren, woubäi et awer zu enger Kollisioun mat dësem komm ass. De Mann gouf dobäi liicht verwonnt, ass awer weider geflücht.

E sollt awer net wäit kommen. E gouf kuerz drop an der Géigend vun enger Kapell ugetraff. E koum fir eng medezinesch Kontroll an d'Spidol. Den Drogentest ass positiv ausgefall. De Mann gouf protokolléiert an d'E-Trottinett gouf séchergestallt.

Back to Top
CIM LOGO