Ënner AlkoholaflossMann randaléiert viru Covid-Zentrum zu Esch

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Moie géint 10 Auer krut d'Police eng Persoun an der Rue Jos Kieffer gemellt, déi randaléiert huet an de Sécherheetsofstand net anhale wollt.

De Beamte géintiwwer huet hie sech aggressiv verhalen a misst dowéinst mat op de Policebüro. Nodeems den Alkoholtest positiv ausgefall ass, huet de Mann misse säi Permis ofginn. Hien ass mam Auto bei de Covid-Zentrum gefuer gewiescht. Well säin Zoustand eng Gefor fir hie selwer an Drëttpersounen duergestallt huet, koum hien an Arrest.

E weidere Virfall an Zesummenhang mat Alkohol gouf et e Sonndeg den Owend zu Esch. Um 23 Auer sinn d'Beamte vun der Police op eng Persoun opmierksam ginn, déi Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen huet. Den Alkoholtest ass positiv ausgefall. Nodeems festgestallt gouf, dass de Chauffer schonn e Fuerverbuet hat, gouf de Parquet doriwwer informéiert. Den Auto gouf saiséiert.

Back to Top
CIM LOGO