
Ee Mann huet refuséiert, d’Wunneng vun enger Fra ze verloossen, obwuel hien e puermol dozou opgefuerdert gouf. Wou d’Beamten op der Plaz ukoumen, ware souwuel d’Fra, wéi och de Mann - ëmmer nach - an der Wunneng. Éischt Nofuerschungen hunn erginn, datt et géint de Mann schonn een nationalen Haftbefeel gouf. Hie gouf deemno op Uerder vum Parquet festgeholl a virun den Untersuchungsriichter bruecht.