
En Dënschdeg de 7. Abrëll krut d’Police e Mann gemellt, dee beim Klauen an engem Buttek zu Nidderkäerjeng erwëscht gouf. Duerno hätt hien e Sécherheetsbeamte menacéiert a wier fortgelaf. Eng Patrull vun der Police konnt am Kader vun enger Enquête eng verdächteg Persoun stellen. Dës gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum virun den Untersuchungsriichter.