
D'Police huet am Café zwee Männer kontrolléiert, déi sech net konnten ausweisen. Wärend der Kontroll si béid Persounen aus dem Bistro geflücht. D'Beamte konnten ee vun de Männer afänken. Dësen huet sech Ufanks als en aneren ausginn, d'Police konnt awer seng richteg Identitéit ermëttelen. Dobäi koum eraus, datt de Mann europawäit vun de belschen Autoritéite gesicht gouf.
De Mann gouf festgeholl an ass e Méindeg virun den Untersuchungsriichter komm.