AppellprozessMann fënnt seng Strof ze héich fir brutalen Iwwerfall op eeler Koppel

RTL Lëtzebuerg
Géint en Urteel aus 1. Instanz an Appell ze goen, kann ënner Ëmstänn kontraproduktiv sinn.

Och wann dat zweet Urteel nach aussteet, sinn der nämlech um Méindeg op der Cour d'appel an der Stad fir e Mann, deen am Januar zejoert um Stater Geriicht 10 Joer Prisong kritt hat, 15 gefrot ginn.

Et goung dunn nach emol ëm e brutalen Iwwerfall op eng eeler Koppel, am Dezember 2008, an där hirem Appartement zu Bäreldeng. Am Ganze 5 Ugeklote war an 1. Instanz virgehäit ginn, hir Affer vun deemools 75 an 83 Joer geschloen, mat engem Revolver an engem Messer menacéiert an ënnert anerem Suen a Bijoue matgoe gelooss ze hunn.

Hien hätt Appell gemaach, well d'Strof fir hien ze héich war; en hätt keng grouss Roll gespillt an d'Affer zum Beispill net geschloen, sot de Beschëllegte vun 43 Joer. Dat wär e bëssen eng aner Lecture wéi déi 1. Riichter, huet d'Presidentin dozou bemierkt; hie wär sengerzäit aus der Psychiatrie komm, elo e ganz Aneren an hätt evoluéiert. E Mann, deen an 1. Instanz fräigesprach gouf, hätt alles organiséiert an hie just exekutéiert, huet den Ugeklote gemengt; en hätt d'Impressioun, dass deem net Rechnung gedroe gi wär, géif et all Dag bedaueren, ma et wär nun emol geschitt. „D'Affer hunn awer vun engem Messer op a vu Menacë vun Iech geschwat!“, huet d'Riichterin ze bedenke ginn: „Wann ech net do gewiescht wär, dann hätten déi Aner nach méi gemaach!“, war d'Äntwert vum Mann dorop; et wéilt awer keen him gleewen.

Fir de Me Stroesser, säin Affekot, hätt de Client eng Deelresponsabilitéit; hie wär awer net den Haaptacteur gewiescht, mä de Mann, deen am 1. Prozess fräigesprach gouf. De Mandant wär déi Zäit aus der Psychiatrie komm an op dee Fräigesprachene gefall; den Iwwerfall wär deem säi Plang gewiescht. Dofir sollt d'Strof fir säi Client reduzéiert ginn.

Et géif sech unhéieren, wéi wann de Beschëllegten näischt mat der Affär ze dinn hätt, wat awer net de Fall wär, huet d'Vertriederin vum Parquet général betount. Den Ugeklote wär „d'Brute mam Messer am Grapp“ gewiescht. De Mann mam Casier vu 15 Säiten hätt séier wuel eng Haaptroll gespillt, a si géif net vill Circonstances atténuantes gesinn.

A well de sougenannten Délai raisonnable, entgéint der Meenung vun den 1. Riichter, net iwwerschratt gi wär, sollten amplaz vun 10 dës Kéier 15 Joer Prisong gesprach ginn.

D'Appellurteel ass fir de 25. November.

Back to Top
CIM LOGO