Mam Projet Nordstad soll e Géigepol zum Zentrum an der Südregioun entstoen. Aarbechtsplazen a qualitative Wunnraum mat enger gudder a méiglechst ekologescher Mobilitéit sinn d'Ziler vum Projet. Nodeems laang iwwert dës Visioun geschwat ginn ass, hëlt d'Iddi elo Form un, mat eventuell enger Fusioun vun de Gemengen.
No Biergerëmfroen an de verschiddene Gemenge wieren d'Gemengeréit elo matzendran an de Fusiounsgespréicher, esou den LSAP-Buergermeeschter vun Dikrech, Claude Hagen:
„Am grousse Ganze kann ee soen, dass d’Fusioun jo e Virdeel ass fir déi fënnef Gemengen. Wann et een Nodeel fir iergendeng Gemenge wier, fir ze fusionéieren, da géing déi Gemeng dat jo net maachen. Mee déi Etappen hu mer hannert eis. Mir sinn amgaange mat de Fusiounsgespréicher an dofir ass dat scho bénéfique fir déi fënnef Uertschaften, déi betraff sinn, fir eng Nordstad ze maachen. Eben am Interêt vun der Populatioun.“
An de Gemengeréit kéim een elo zu den Detailer, déi nach musse preziséiert ginn. Den Delai fir d'Fusioun ass op d'Joer 2023 festgeluecht ginn, ma et wéilt een awer näischt iwwert de Knéi briechen, betount de Buergermeeschter vun Dikrech.
D'Biergerbedeelegung ass net nëmmen op kommunalem Niveau wichteg, mee och am Ministère fir Landesplanung, wou déi zweet Online-Ëmfro lancéiert gouf, fir konkret Verbesserungsvirschléi anzehuelen. Nach bis e Sonndeg kann een hei matmaachen.
Esou soll dann d'Liewensqualitéit op der Plaz verbessert ginn. D'Virstellung, wéi dat geschéie soll, hätt sech och duerch d'Pandemie verännert. De grénge Minister fir Landesplanung Claude Turmes:
„Den ëffentleche Raum, genuch Parkbänken, ob et propper a roueg ass, ob genuch Natur do ass, ech mengen, dass dat nach méi wichteg ginn ass, a Corona huet eis dat gewisen. Ech mengen, dass et elo och e bëssen eis Aufgab ass als Politik, zesumme mat de Bierger an och zesumme mat de Gemengen, fir d’Plazen an Zukunft och nach méi flott ze amenagéieren.“
Dass den Interessi, fir den ëffentleche Raum mat ze gestalten, do ass, huet sech bei den Ëmfroe gewisen. Bei der éischter hunn eng 700 Leit matgemaach, bei der zweeter bis ewell 1.200.
Virun allem den abordabele Wunnraum an d'Mobilitéit si bei de Leit ëmmer nees e wichtegt Thema. Op dëse Wee geet d'Gemeng Dikrech och schonn.
„Mir wëllen, wat den ëffentlechen Transport ugeet, eng besser Mobilitéit kréien, do ass och eng Etüd zum Beispill iwwer d’Vëlosweeër, fir eng Vernetzung ze kréien an deene fënnef Uertschaften, fir déi och un deen nationale Vëloswee unzebannen. Fir den ëffentlechen Transport an d’Mobilité douce ze promouvéieren an d’Autoen aus den Uertschaften eraus ze kréien an nëmmen do notzen, wou se och wierklech gebraucht ginn.“
Zesumme wëllen déi 5 Gemengen da méi fir hir Infrastruktur an d'Mobilitéitsnetz kënne maachen.