Rapatriementer vu LëtzebuergerLuxair-Maschinn um Fluchhafe vu Maskat am Oman gelant

Céline Eischen
D'Sécherheet vun de Lëtzebuerger sur place hätten iewescht Prioritéit, esou nach d'Regierung.
Schonn en Dënschdeg hat d'Luxair prophylaktesch eng Boeing 737, hei fotograféiert um Fluchhafe Findel, an Ägypte geschéckt.
Schonn en Dënschdeg hat d’Luxair prophylaktesch eng Boeing 737, hei fotograféiert um Fluchhafe Findel, an Ägypte geschéckt.
© Steve Müller

Wéinst dem Iran Konflikt ass déi Lëtzebuerger Regierung den Ament amgaangen, alleguerten d’Optiounen ze préiwen, fir déi ronn 600 Lëtzebuerger Touristen, déi aktuell an de concernéierte Gebidder festsëtzen, nees heem ze bréngen. Méiglech Optioune si Volle mat der Luxair, awer och eventuell Rapatriementer mat de Militärfligeren A400M oder MRTT, dat an Zesummenaarbecht mat der Belsch. Dat schreift d’Regierung en Dënschdeg an engem Communiqué.

Wéi op der Plattform Flight-Radar ze gesinn ass, ass eng Luxair-Maschinn virun enger hallwer Stonn zu Maskat am Oman geland. D’Luxair hat d’Boeing 737 schonn en Dënschdeg an Ägypte geschéckt, fir séier sur place kënnen ze sinn, falls Rapatriementer méiglech géife ginn. Dës Maschinn, déi Plaz huet fir 186 Passagéier, ass dann elo wéi gesot weider an den Oman geflunn. Zäitgläich krute mir dann och vu concernéierte Lëtzebuerger Touriste sur place confirméiert, datt ee Grupp zanter e Mëttwoch de Moien mat engem Bus vun Dubai aus ënnerwee ass.

Aus Lëtzebuerger Siicht wieren alles an allem 600 Leit aktuell am Noen Osten. Dat si Lëtzebuerger a Net-Lëtzebuerger Residenten, déi sech am LamA System gemellt hunn, mee och Luxair-Clienten, déi sech net gemellt hunn, esou den Ausseministère op Nofro hin. 400 wieren an den arabeschen Emirate. 100 an anere Länner ewéi Saudi-Arabien oder de Katar zum Beispill.

Net gewosst ass, wéi vill Leit fir eng Vakanz oder e Sejour an der Regioun sinn a wéi vill permanent op der Plaz sinn.

D’Sécherheet vun de Lëtzebuerger sur place hätten iewescht Prioritéit, esou nach d’Regierung.

Och eis Nopeschlänner hunn ugefaangen hir Residenten ze Rapatriéieren: Zwou Lufthansa Maschinnen sollen haut a Richtung Noen Oste starten. Eng ronn 30.000 däitsch Touristen hänken aktuell an de betraffene Gebidder fest.

Back to Top
CIM LOGO